Divers
FUTSAL 2011-2012
Wéi schonn di lescht Joren hëlt eis Dammenéquipe och dës Saison nees um nationalen Halenchampionnat deel. Am 1. Tour trieden eis Meedercher an der Hall Omnisport an der Stad (Rue d'Ostende) géint 5 weider Équipen un, dobei qualifizéieren sech di 4 Beschtplatzéiert fir di nächst Ronn.
PROGRAMM 1. TOUR
- Sondeg, 18. Dezember 2011 (09h00)
- Hall Omnisport Luxembourg (Rue des Bains)
- Grupp A
- Matcher: 1x12 Minutten
- Équipen: IZEG, Rodange, Biissen, Béiwen, Rouspert, Préiz./Réiden
Den 2. Tour gëtt am Centre Sportif an der Fiels ausgedroen, vu 4 Konkurrenten qualifizéieren sech di zwou beschtklasséiert Équipen fir den nächsten Tour.
PROGRAMM 2. TOUR
- Sondeg, 08. Januar 2012 (14h00)
- Centre Sportif Larochette
- Grupp A
- Matcher: 2x10 Minutten
- Équipen: IZEG, Fiels, Nidderkuer, Fola
Am 3. Tour vum Indoor-Championnat mussen eis Meedercher an der Sportshal zu Biekerech untrieden. Di zwou beschtklasséiert Équipen qualifizéieren sech fir d'Finalen.
PROGRAMM 3. TOUR
- Sondeg, 22. Januar 2012 (14h00)
- Centre Sportif Beckerich
- Grupp A
- Matcher: 2x10 Minutten
- Équipen: IZEG, Ell, Wëntger, Entente Cebra/Gaasperech