INDOOR CUP 2012
GROUSSE SUCCÈS FIR D'EDITIOUN 2012
Den traditionnellen Indoor Cup vum FC Blo-Wäiss Izeg, dee wéi gewinnt an der Sportshal um Houwald ausgedroë gouf, huet och dëst Joer nees e grousse Succès kannt. Fir den Highlight hun eis Pupilles gesuergt, déi an hirer Kategorie di 1. Plaz beluet hun.
Eng grouss Resonanz haat och erëm de Loisirs-Turnéier fond, wou sech um Enn "D'Männer", duerch en 1:0-Erfolleg an der Finale géint den Tennis Houwald, duerchsetze konnten.
+++ Schlussklassementer am Iwerbléck +++
- BAMBINIS: 1. Mertert/Waasserbëlleg, 2. Cebra, 3. Beetebuerg, 4. IZEG, 5. Kanech
- PUPILLES: 1. IZEG II, 2. Beetebuerg, 3. Baastenduerf, 4. Mertert/Waasserbëlleg, 5. Cebra, 6. IZEG I, 7. Minsbech, 8. Hueschtert
- POUSSINS: 1. Beetebuerg, 2. Bartreng, 3. Käerjeng, 4. Mondorf, 5. IZEG/WEILER I, 6. IZEG/WEILER II
- LOISIRS: 1. D'Männer, 2. Tennis Houwald, 3. VC Fenteng, 4. Härenéquipe FC Näerzeng, 5. Izeg All Stars, 6. Keeleclub Dream Team Fenteng, 7. BBC Telstar Hesper, 8. FC Izeg Old Girls in blue