SENIORS 1 - SAISON 2011-2012
DAMES - SAISON 2011-2012
JUNIORS - Saison 2011-2012
CADETS - Saison 2011-2012
SENIORS 1 - SAISON 2011-2012
DAMES - SAISON 2011-2012
JUNIORS - Saison 2011-2012
CADETS - Saison 2011-2012
News
Dernières News
SENIORS 1 - 1:1-GLÄICHSPILL ZU SANDWEILER
Den Trainingsmatch vun eiser éischter Équipe zu Sandweiler, as matt engem 1:1 (0:0)-Gläichspill op en Enn gaang. De verdéngten 1:1-Ausgläich fir di Blo-Wäiss geet op de Kont vum Lecio Dos Santos.
SENIORS 1 - 3:2-SUCCÈS GÉINT BÉIWEN
No engem 0:2-Réckstand konnt eis éischt Équipe sech an engem weidere Preparatiounsmatch géint Béiwen nach matt 3:2 (1:2) duerchsetzen. D'Goler fir di Blo-Wäiss gin op de Kont vum Chris Felten, Miguel Felgueiras an Helcio Conegundes.
SENIORS 1 & CADETS - COUPE-MATCHER NEI TERMINÉIERT
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun, huet d'Coupe-Matcher, déi am Dezember wéinst dem schlechten Zoustand vun den Terrain'en ofgesot gi waren, nei ugesat.
Iwerdeems eis Cadets sondes de 26. Februar zu Izeg am 2. Tour vun der Coupe des Cadets géint d'Entente Mertert/Waasserbëlleg-Gréiwemaacher untrieden, spillt d'éischt Équipe mëttwochs de 14. Mäerz am Kader vun der Coupe FLF géint Jonglënster.
SENIORS 2 - PREPARATIOUN OP D'RÉCKRONN
Am Kader vun hirer Preparatioun op d'Réckronn stin fir eis zweet Équipe eng Partie Trainingsmatcher um Programm:
- Freideg, 03. Februar: Näerzeng II - IZEG II (19h30)
- Freideg, 10. Februar: Käerjeng II - IZEG II (20h00)
- Mëttwoch, 22. Februar: IZEG/WEILER (Juniors) - IZEG II (19h30)
- Méindeg, 27. Februar: IZEG II - BCEE (19h30)
- Freideg, 02. Mäerz: Gaasperech II - IZEG II (19h30)
- Mëttwoch, 07. Mäerz: IZEG II - Bieles II (19h30)
- Samschdeg, 10. Mäerz: Minsbech II - IZEG II (16h00)
DAMMEN - 4. PLAZ AN DER FINALE VUM FUTSAL
Fir eis Dammenéquipe as den Indoor-Championnat 2012 matt enger 4. Plaz op en Enn gaang. No engem 1:0-Optakterfolleg géint Wuermer, zwee Gläichspiller géint Ell (1:1) resp. Kanech (0:0) an engem 1:0-Succès géint Jonglënster, hätten eis Meedercher an hirem leschte Match géint Nidderkuer den Indoorchampionnat 2012 matt engem weideren Erfolleg kënne fir sech entscheeden. Leider sollt et awer anescht kommen, well duerch eng 3:1-Victoire huet sech de Progrès sengersäits d'Chance op di 1. Plaz erhaal. Opgrond vu Punkt- a Golgläichheet tëscht Nidderkuer a Kanech huet de Gewënner vum Futsal 2012 missen duerch 7-Meter-Schéissen ermëttelt gin, wou schliesslech Kanech dat bessert Enn fir sech haat.
MINIMES GEWANNEN HALENTURNÉIER ZU BARTRENG
Eis Minimes hun den Halenturnéier am Centre Atert zu Bartreng gewonn. Duerch e Gol vum Yannick Freitas konnt sech d'Entente Weiler/Izeg an der Finale matt 1:0 géint Märel duerchsetzen, an domatt vu 14 Equipen di 1. Plaz beléen.
SENIORS 1 - 2:1-SUCCÈS ZU MONNERECH
Eis éischt Équipe huet sech an engem weidere Preparatiounsmatch matt 2:1 zu Monnerech duerchgesat. D'Goler fir di Blo-Wäiss gin op de Kont vum Chris Felten an Charles Etonde.
DAMMEN - PROGRAMM VUN DER FINALE AM FUTSAL
Am Finale-Tour vum Indoor-Championnat muss eis Dammenéquipe e Sondeg, den 29. Januar 2012 um 14h00 am Centre polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster untrieden. Géigner sin Nidderkuer, Jonglënster, Ell, d'Entente Wuermeldeng/Hueschtert/Minsbech an d'Entente Kanech/URB.
PERSONALIEN & TRANSFEREN
Den FC Blo-Wäiss Izeg vermeld den Transfer vum 26 Joer alen David Schmidt (Foto), dee vun der Union Käl/Téiteng op de Stade Albert Kongs wiesselt a vun der Réckronn un eis éischt Équipe wäert verstäerken. Iwerdeems réckelen och d'Jugendspiller Dylan Almeida an Dylan Pinheiro aus eise Junioren an de Kader vum Trainer Luc Muller erop.
Den David Schmidt iwerhëlt an engems d'Fonktioun vum Co-Trainer bei eise Cadets, fir déi jo säit e puer Wochen och de Patrick Biergen als neie Coach responsabel as. Neien Assistent vum Sergio Monteiro bei de Poussins as den Alain Bliss, deen an Zukunft wäert d'Plaz vum Alex Rodriguez iwerhuelen.
DAMMEN AN DER FINALE VUM INDOOR-CHAMPIONNAT
Eis Dammenéquipe steet an der Finale vum Indoor-Championnat 2012, déi nächste Sondeg, 29. Januar um 14h00 am Centre polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster ausgedroë gëtt. Am drëtten Tour konnten sech eis Meedercher an der Sportshal zu Biekerech hannert Ell, respektiv viru Wëntger an der Entente Cebra/Gaasperech, di zweet Plaz secheren.
Dernier Match
Seniors I
Prochains matchs
| Championnat Seniors 1 |
|---|
| Sondeg, 26. Februar 2012: Gaasperech I - IZEG I |
| Sondeg, 04. Mäerz 2012: IZEG I - Réimech/Bus I |
| Sondeg, 11. Mäerz 2012: Menster I - IZEG I |
| Sondeg, 18. Mäerz 2012: IZEG I - Rodange I |
| Sondeg, 25. Mäerz 2012: Beetebuerg I - IZEG I |
| Freideg, 06. Abrëll 2012: IZEG I - Bartreng I |
| Sondeg, 15. Abrëll 2012: Näerzeng I - IZEG I |
| Sondeg, 22. Abrëll 2012: Lamadelaine I - IZEG I |
| Sondeg, 29. Abrëll 2012: IZEG I - AS Lëtzebuerg/Porto I |
| Sondeg, 06. Mee 2012: Luna Uewerkuer I - IZEG I |
| Mëttwoch, 09. Mee 2012: IZEG I - Remerschen I |
| Sondeg, 13. Mee 2012: Éilereng I - IZEG I |
| Sondeg, 20. Mee 2012: IZEG I - Suessem I |