News

Dernières News

27-07-2017

COUPE LORENTZWEILER

 

An engem éischten Préparatiounsmatch verléiert eis éischt Equipe no Elefmeterschéissen mat 3:4 géint Lorentzweiler.

 

No 90. Minutten stung et 0:0

 

Domadden spillen sie den Sonndeg, 30. August um 15.30 em d'Plaz 3 an 4.

28-06-2017

GENERALVERSAMMLUNG

 

D'Generalversammlung vum FCI ass den 20. Juli 2017 um 20.00 Auer am VIP Sall vum Stade Albert Kongs zu Izeg.

25-05-2017

MEDERNACH - IZEG (SENIORS 2)

 

Mat engem 3:2 Erfolleg géint Medernach huet eis zweet Equipe sech am leschten Match den Klassenerhalt gesechert. D'Goaler fir Izeg gin op den Konto vum Alain Schanet, Arnaud Assa an Pit Ziebart.

 

Bravo Jongen !!

07-05-2017

IZEG - WEILER (SENIORS 1)

 

No enger kloer 0:5 Niederlaag (0:2) géint Weiler, steet 2 Spilldeeg virum Enn vun der Saison fest, dass eis éischt Equipe oofsteigt. No nemmen 1 Joer an der 1. Divisoun muss Izeg déi nächst Saison erem an der 2. Divisioun untrieden.

22-04-2017

MENSBECH - IZEG (SENIORS 1)

 

Eis éischt Equipe verléiert den wichtegen Match géint den Tabellenleschten Mensbech mat 3:2.

 

Mensbech huet sech vill gudd Goalchancen erausgespillt. Den Joe Reuter huet niewend engem Elefmeter nach eng selechen Goalschess paréiert. Trotzdem konnt Mensbech an der 1. Hallschend 2 Goaler schéissen, esou dass et mat 2:0 an d'Paus gaangen ass.

 

No der Paus konnt den Sam Felten op 2:1 verkierzen. Duerch een dretten Mensbecher Goal ass erem den aalen Ecart hiergestallt gin. Dem Gil Coimbra ass nach den 3:2 Uschlossgoal gelongen, mee fir méi sollt et net méi duer goen.

 

Domadder iwerhellt Mensbech eis an der Tabelle, esou dass mir op déi leschten Plaaz zereckfaalen.

17-04-2017

TRAINERWIESSEL SENIORS 1

 

Den FC Blo Wäiss Izeg deelt mat, dass mir eis vun eisem Trainerduo Georges Menster an Nico Gilbertz getrennt hun. Op desem Wee wellen mir hinnen Merci soen, fir déi Aarbecht déi sie an den 3 leschten Joer fir den Club geleescht hun an wenschen hinnen op hirem weideren Trainerwee all Guddes.

 

D'Equipe gett mat Effet immédiat vum Tino Marasco iwerholl, assistéiert gett hien vum Romain Wagner. Den Tino Marasco ass keen Onbekannten beim FC Blo Wäiss Izeg. Hien stung schon teschend 2000-2002 an der Verantwortung vun den Seniors 1.

 

Mir wënschen hinnen, den Spiller an dem ganzen Verain den Maximum un Punkten aus den leschten 6 Matcher an hoffen mat desem Schrett eis Plaaz an der 1. Divisioun haalen ze kennen.

 

 

10-04-2017

IZEG - SUESSEM (SENIORS 1)

 

Um 20. Spilldaag verléiert eis éischt Equipe mat 1:4 géint Suessem. Eis Jongen sin miserabel an den Match komm an esou stung et no 15 Minuten schon 0:2. Duerno ass eis d'Spill e bessen besser gin an mir konnten kuerz virun der Paus duerch den Sam Felten op 1:2 verkierzen.

 

No ronn enger Stonn Spillzait konnt Suessem awer innerhalb vun 5 Minuten nach zwee Goaler drop setzen an huet domadden alles kloer gemaach (1:4). Um Schlussresultat sollt sech näischt méi änneren.

 

Den nächsten Samsden spillt eis éischt Equipe an der 1/8 Final vun der Coupe FLF doheem géint Wuermer. Ustouss ass um 18.00 Auer.

06-04-2017

KAYL/TEITENG - IZEG (SENIORS 1)

 

D'Seniors 1 verléieren géint eng spilleresch an kierperlech staark Equipe vun Kayl/Téiteng mat 2:0 (0:0). Eis Equipe stung permanent ennert Drock an konnt nemmen selten eegen offensiv Aktiounen ausféieren.

 

Nomm 19. Spilldaag steet eis éischt Equipe nach emmer mat 16 Punkten op enger Barrageplaaz.

 

Den nächsten Match ass den Sonnden, 9. Abrell um 16.00 doheem géint Suessem.

 

02-04-2017

PFAFFENTHAL/WEIMERSKIRCH - IZEG (SENIORS 1)

 

Um 18. Spilldaag konnt eis éischt Equipe drei wichteg Punkten verbuchen. Noom 3:1 Erfolleg géint Pfaffenthal/Weimerskirch, steet eis éischt Equipe mat 16 Punkten op enger Barragenplaaz, een Punkt hanner Weiler an drei Punkten hanner Pfaffenthal/Weimerskirch.

 

Kuerz virum Enn vun der éischter Halbzeit konnten mir mat engem Doppelpack innerhalb vun 5 Minuten mat 2:0 an Féierung goen (Sam Felten an der 43. Minutt an den Sven Schiltz per Fraistouss an der Noospillzait).

 

Direkt no der Paus huet den Steve Vermeer per Kapp op 3:0 erhéicht.

 

Den Uschlossgoal as kuerz drop gefall. Um Resultat sollt sech awer bis zum Schluss naischt méi änneren.

 

Den nächsten Match ass den Mettwoch, 5. Abrell géint Kayl/Téiteng.

26-03-2017

IZEG - WUERMER (SENIORS 1)

 

An engem spannenden Match konnt eis éischt Equipe een weideren wichtegen Punkt am Oofstiegskampf erspillen. No engem 0:1 Reckstand an der Paus konnt den Stefan Da Silva an der 2. Hallschend den 1:1 markéieren, gleichzeiteg och den Score um Enn vum Match.

 

Leider hun eis direkt Géigner am Kampf em den Klassenerhalt allerguerten Punkten kruut, esou dass eis éischt Equipe aktuell op enger Oofstiegsplaaz steet.

 

Den nächsten Match ass den 2. Abrell um 16 Auer am Paffenthal.