F.C. Blo-Wäiss Izeg
   
   
   
   
   
   
   
   
   
NEWS
HÄRENÉQUIPE - PROGRAMM FIR DEN HIERSCHT 2010 (30.08.2010)
fo
Vum 20. September un as och d'Härenéquipe vum FC Blo-Wäiss Izeg nees am Asaz.

Well am Laf vun der leschter Saison eng ganz Partie Matcher zu Izeg gespillt goufen, stin dësen Hierscht noutgedrongen ëmsou méi Auswäertsmatcher um Programm. Doniewt as och nach deen een oder aneren Trainingsmatch géint eis Dammenéquipe geplangt.

Matcher am Detail:

- Méindeg, 20. September: Luerenzweiler - IZEG (19h00)
- Méindeg, 27. September: Mutfert - IZEG (19h00)
- Méindeg, 04. Oktober: Beetebuerg - IZEG (19h00)
- Méindeg, 11. Oktober: FC Curia - IZEG (19h00, Terrain Gaasperech)
- Méindeg, 18. Oktober: IZEG - Réimech (19h00)
- Méindeg, 08. November: Kiirmesmatch zu IZEG (19h00)


DAMMEN - 5:0-ERFOLLEG ZU WËNTGER (30.08.2010)
asw
Eis Dammenéquipe huet sech an engem Frëndschaftsmatch matt 5:0 (1:0) zu Wëntger duerchgesat.

An enger schwaacher éischter Hallschend haat d'Carla Cardoso eis Meedercher a Féirung bruet. Nom Säitewiessel hun d'Spillerinnen vum Jeff Koob sech enorm gesteigert an de Ball besser lafegelooss, sou datt weider Goler net laang op sech waarde gelooss hun.

Lisa Noesen (2), Anki Schlink a Christiane Schmit hu schlussendlech fir de verdéngten 5:0-Succès gesuergt.

ÉQUIPE IZEG/URB: Stéphanie Flammang, Emilie Schaub, Manon Fischer, Kiara Noesen, Lynn Ruppert, Christiane Schmit, Anki Schlink, Lisa Noesen, Catherine Froehlich, Carla Cardoso, Ann Kahlki, Sandrine Laloix, Annick Schott, Jeanne Jénin


SENIORS 1 - SUCCÈS AN NIDDERLAG OP DER COUPE ZU UESPELT (30.08.2010)
dfgh
Am Kader vun der Coupe vum FC Red Boys Uespelt huet eis éischt Équipe um Enn di zweet Plaz beluet.

Nodems et am Ausscheedungsmatch géint Uespelt en 4:1 (1:0)-Erfolleg gouf - d'Goler haten Patrick Ferreira (2), Robbie Carthy an Charles Etonde geschoss -, hun di Blo-Wäiss sech an der Finale géint Remerschen matt 2:4 (1:3) misse geschloë gin. D'Goler gin op de Kont vun Tom Davito a Pierre Boisson.


DAMMEN - 2. PLAZ UM TOURNOI ZU LËNTGEN (17.08.2010)
bin
No enger gudder Leeschtung géint Jonglënster huet eis Dammenéquipe sech an der Finale vun der "Coupe du Centenaire" zu Lëntgen eréischt am Elefmeterschéissen misse geschloë gin.

An engem ausgeglachene Match, wou awer Jonglënster bei Ballbesëtz di besser Spillanlag hat, hun eis Meedercher sech och net vun engem 0:2-Réckstand beandrocke gelooss, a konnten an de leschten 10 Minutten no zwou super Aktiounen duerch d'Jeanne Jénin an d'Lisa Noesen ausgläichen. Am uschléissenden Elefmeterschéissen hun Ann Kahlki, Lisa Noesen, Christiane Schmit a Catherine Froehlich markéiert, iwerdems d'Yuna Long leider net getraff huet.

ÉQUIPE IZEG/URB: Stéphanie Flammang, Emilie Schaub, Kiara Noesen, Annick Olinger, Annick Schott, Sophie Rodrigues, Catherine Froehlich, Melissa Irrthum, Lisa Noesen, Lynn Ruppert, Yuna Long, Jeanne Jénin, Laure Weis, Christiane Schmit, Ann Kahlki, Gil Sietzen


SENIORS 1 - 2:6-NIDDERLAG ZU KÄERJÉNG (14.08.2010)
dfh
Eis éischt Équipe huet hiren Trainingsmatch zu Käerjéng matt 2:6 (1:4) verluer. D'Goler fir di Blo-Wäiss gin op de Kont vum Ailton Oliveira (1:2) an Tom Davito (2:5).

ÉQUIPE FC IZEG: Yves Block, Sam Rumé, Andy Oliveira, Ricardo Casanova, Julio Freitas (46.' Christophe Raus), Eugène Afrika, Tom Davito, Pierre Boisson, Joé Mootz (46.' Dani Mateus), Ailton Oliveira (46.' Patrick Marques), Charles Etonde


SPILLPLÄNG FIR D'SAISON 2010/11 (13.08.2010)
fci
An engem knappe Mount steet den Optakt vum Championnat 2010/11 um Programm. Ier et awer nees ëm Punkte geet, mussen souwuel eis éischt Senior- wéi och d'Dammen-Équipe an der Coupe de Luxembourg untrieden.

Iwerdems d'éischt Équipe am 1. Tour e Fräilous huet, waart sondes de 5. September am 2. Tour en Auswäertsmatch beim Gewënner vum Match Baastenduerf - Berdorf/Consdorf op di Blo-Wäiss.

Eis Meedercher spille samschdes den 11. September am 1. Tour vun der Coupe an der Fiels.

+++ Spillpläng am Attachment fir ze downloaden +++
  • Acrobat Reader 01 Programme 2010/11 - Seniors 1
    Acrobat Reader : FCI_Seniors_1_-_Programme_Matchs_2010-11.pdf ( 41 kb)
  • Acrobat Reader 02 Programme 2010/11 - Seniors 2
    Acrobat Reader : FCI_Seniors_2_-_Programme_Matchs_2010-11.pdf ( 47 kb)
  • Acrobat Reader 03 Programme 2010/11 - Dames 1
    Acrobat Reader : FCI_Dames_1_-_Programme_Matchs_2010-11.pdf ( 45 kb)
  • Acrobat Reader 04 Programme 2010/11 - Dames 2
    Acrobat Reader : FCI_Dames_2_-_Programme_Matchs_2010-11.pdf ( 52 kb)
  • Acrobat Reader 05 Programme 2010/11 - Juniors
    Acrobat Reader : FCI_Juniors_-_Programme_Matchs_2010-11_1er_tour.pdf ( 78 kb)
  • Acrobat Reader 06 Programme 2010/11 - Minimes & Scolaires
    Acrobat Reader : FCI_Minimes_Scolaires_-_Programme_Matchs_2010-11_1er_tour.pdf ( 81 kb)
  • Acrobat Reader 07 Programme 2010/11 - Poussins 1 & 2
    Acrobat Reader : FCI_Poussins_-_Programme_Matchs_2010-11_1er_tour.pdf ( 79 kb)
  • Acrobat Reader 08 Programme 2010/11 - Bambinis & Pupilles
    Acrobat Reader : FCI_Bambinis_Pupilles_-_Programme_Matchs_2010-11_1er_tour.pdf ( 42 kb)
    DAMMEN - 1:0-ERFOLLEG ZU LËNTGEN (12.08.2010)
    df01
    Eis Dammenéquipe steet, no engem 1:0-Succès géint Lëntgen, an der Finale vun der "Coupe du Centenaire" vum FC Minerva Lëntgen. Den entscheedende Gol huet d'Lynn Ruppert an der éischter Halschend geschoss.

    Géigner an der Finale nächste Sondeg um 18h00 as Jonglënster. Den neie Lëtzebuerger Champion a Coupe-Gewënner haat sech schonn e Mëttwoch matt 6:1 géint Nidderkuer duerchgesat.

    ÉQUIPE IZEG/URB: Ann Kahlki, Sophie Rodrigues, Annick Olinger, Kiara Noesen, Annick Schott, Laure Weis, Catherine Froehlich, Lynn Ruppert, Emilie Schaub, Yuna Long, Sophie Mottet, Lisa Noesen, Christiane Schmit


    DIVISIOUNSANDEELUNG & TRAININGSZÄITEN 2010/11 (10.08.2010)
    b03
    Nodeems beim FC Blo-Wäiss Izeg d'Seniors-Équipen den Training virun ronn dräi Wochen nees opgeholl gehunn, steet och fir eis Dammen resp. déi verschidden Jugendéquipen d'Preparatioun op d'Saison 2010/11 virun der Dir.

    Hei as en Iwerbléck iwert d'Andeelung vun den Divisiounen, d'Traineren an d'Trainingszäiten:

    Seniors 1

    - 2. Divisioun - 2. Bezirk: Biwer, Berbuerg, Éinen, Éilereng, IZEG, Jonglënster, AS Lëtzebuerg-Porto, Pafendall/Weimëschkirrch, Réimech/Bous, Remerschen, Rodange, Suessem, Luna Uewerkuer, Weiler

    - Trainer: Fränz PRIMC
    - Training: Dënschdes, donnëschdes a freides um 19h30

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Seniors 2

    - 4. Klass - 3. Bezirk: Biwer II, Éinen II, Duelem II, Fiels II, IZEG II, Krëschtnech II, Miedernach II, Mondorf II, Mutfert II, Reisdorf II, Uespelt II

    - Trainer: Claude MARX
    - Training: Dënschdes an donnëschdes um 19h30

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Dames 1 (Entente Izeg/Réimech-Bous I)

    - Ligue 1: Entente Cebra/Gasperech, Ell, Fola Esch, Entente Izeg/Bous-Réimech, Jonglënster, Kanech, Lëntgen, Mamer, Nidderkuer, Wëntger

    Dames 2 (Entente Izeg/Réimech-Bous II)

    - Ligue 3 - 2. Bezirk: Diddeleng, US Esch, Hesper, Entente Izeg/Bous-Réimech II, RFCUL, Schëffleng, Stengefort

    - Trainer: Jeff KOOB / Thierry REINERT

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Juniors (Entente Weiler/Izeg)

    - 4. Klass - 2. Bezirk: Duelem, US Esch, Käl/Téiteng, Entente Minsbech/Mutfert, Nidderkuer, Suessem, ENTENTE WEILER/IZEG

    - Trainer: Mike VARNIER
    - Training: Méindes a Mëttwochs um 17h30 zu Izeg, donnëschdes um 18h15 zu Weiler

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Cadets (Entente Izeg/WEILER)

    - D'Cadets vun der Entente Izeg/Weiler huelen net um Championnat deel

    - Trainer: Mike VARNIER / Yves DE WAHA / Gilles WAGNER
    - Training: All éischten a leschte Sondeg am Mount um 10h00 zu Izeg

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Scolaires (Entente Izeg/Weiler)

    - 4. Klass - 2. Bezirk: ENTENTE IZEG/WEILER, Käl/Téiteng, Mamer, Entente Mondorf/Remerschen, Nidderkuer, Rodange

    - Trainer: Yves DE WAHA, Gilles WAGNER
    - Training: Dënschdes, donnëschdes a freides um 17h15 zu Izeg

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Minimes (Entente Weiler/Izeg)

    - 5. Klass - 3. Bezirk: Hesper II, RFCUL III, Entente Luerenzweiler/Lëntgen II, Märel II, Sandweiler, ENTENTE WEILER/IZEG

    - Trainer: Claude MEYLENDER, Serge GROFF
    - Training: Dënschdes um 17h30 zu Izeg, donnëschdes um 17h30 a sondes um 10h00 zu Weiler

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Poussins 1 (Entente Izeg/Weiler I)

    - 6. Bezirk: Entente Berbuerg/Biwer, Cebra, RM Hamm Benfica, ENTENTE IZEG/WEILER, Mondorf, Remerschen, Réimech/Bous, Sandweiler, Uespelt

    Poussins 2 (Entente Izeg/Weiler II)

    - 10. Bezirk: Déifferdeng II, Diddeleng II, Fola Esch II, RM Hamm Benfica II, Hesper II, ENTENTE IZEG/WEILER II, Käerjéng II, RFCUL II, Märel II, Rodange II

    - Trainer: Fabiano MERKES, Thomas MULLER
    - Training: Dënschdes um 17h00 zu Weiler, donnëschdes um 17h00 a samschdes um 10h00 zu Izeg

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Pupilles

    - 5. Bezirk: Bartreng, Beggen, RM Hamm Benfica, Hesper, IZEG, RFCUL, Märel, Sandweiler, Stroossen, Walfer

    - Trainer: Léon ZAHLEN
    - Training: Dënschdes an donnëschdes um 17h30 (zu Izeg um synthetëschen Terrain)

    -------------------------------------------------------------------------------------------------------------

    Bambinis

    - 4. Bezirk: Bartreng, Beggen, RM Hamm Benfica, Hesper, Hueschtert, IZEG, RFCUL, Märel, Stroossen, Weiler

    - Trainer: Marc STORONI, Jean-Paul BLISS
    - Training: Dënschdes an donnëschdes um 16h30 (zu Izeg um synthetëschen Terrain)


    SENIORS 1 - 0:4-NIDDERLAG GÉINT BEGGEN (09.08.2010)
    01
    Am Kader vun der Coupe Jos. Ludwig zu Izeg huet eis éischt Équipe an der Finale géint Beggen matt 0:4 (0:3) de Kierzere gezunn.

    Iwerdeems konnt Minsbech de Match fir d'drëtt an d'véiert Plaz géint Krëschtnech matt 5:0 fir sech entscheeden.

    ÉQUIPE FC IZEG: Yves Block, Sam Rumé, Andy Oliveira, Ricardo Casanova, Joé Mootz, Eugène Afrika, Tom Davito, Pierre Boisson, Patrick Marques, Gil Coimbra, Ailton Oliveira, Kevin Monteiro, Patrick Baddé, Charles Etonde, Robert Carthy


    COUPE JOS. LUDWIG ZU IZEG (07.08.2010)
    cjl
    Matt engem 5:2 (2:2)-Erfolleg géint Krëschtnech huet eis éischt Équipe sech fir d'Finale vun der Coupe Jos. Ludwig zu Izeg qualifizéiert.

    D'Goler fir di Blo-Wäiss hun den Tom Davito, Patrick Marques, Gil Coimbra, Charles Etonde a Joé Mootz geschoss.

    ÉQUIPE FC IZEG: Luis Da Luz, Kevin Monteiro, Eugène Afrika, Andy Oliveira, Ricardo Casanova, Sam Rumé, Tom Davito, Pierre Boisson, Joé Mootz, Gil Coimbra, Patrick Marques, Ailton Oliveira, Patrick Baddé, Charles Etonde

    Domatt spillen e Sondeg am Match fir d'drëtt an d'véiert Plaz um 16h00 Minsbech a Krëschtnech géinteneen. Duerno um 18h00 kënnt et zur Neioplag vun der Finale vum leschte Joer, tëschend Izeg a Beggen.


    1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Suivant
     
     
    Webdesign & Hosting réalisés par E-connect.lu. Référencement réalisé par PlaZa.lu.