Rapports matchs
2:2-GLÄICHSPILL GÉINT WËNTGER
Beim Optakt vun der Réckronn as eis Dammenéquipe géint Wëntger net iwert en 2:2 (1:1)-Gläichspill erauskomm. No engem 0:1-Réckstand konnten d'Annick Olinger an d'Lisa Noesen eis Meedercher tëschenzäitlech matt 2:1 a Féirung schéissen. Kuerz viru Schluss sollt Wëntger awer nach en Handselefmeter zougesprach kréien, deen zum 2:2 gefouert huet.
Iwerdeems as eis zweet Dammenéquipe eidel ausgaang. Beim Tabellenéischten zu Schëffleng gouf et eng 0:7-Nidderlag.
ELIMINATIOUN AN DER COUPE
No enger indiskutabler Leeschtung huet eis Dammenéquipe an der Véirelsfinale vun der Coupe de Luxembourg matt 1:4 (1:1) zu Lëntgen verluer. Den tëschenzäitlechen 1:1-Ausgläich geet op de Kont vum Lea Kieffer.
"An der 1/4 Final vun der Coupe huet eis Damen Ekip mat 1-4 zu Lëntgen den Kierzeren gezunn. No 15 Minuten hätt Lëntgen schon keinten an Veierung goen, mee sie hun den berechtegten Eelefmeter iwert den Filet gesaat. An der 25 Min. war et dann awer sou weit. Aus enger kloerer Abseitspositioun hun dei Lentgener zum 1-0 den Ball an den Izeger Gol geschoss. Kuerz virun der Paus huet d'Lea Kieffer den Ausglaich vir eis Faarwen markeiert, an et ass mat engem 1-1 an d'Paus gaang.
An der 2.Halschent war Lëntgen weiderhin dei besser Mannschaft an huet sech nach e pur Chancen eraus gespillt, an 3 weider Gooler sin dobai eraus gesprongen. Alles an allem war et och an der Heischt eng verdingten Victoire fir dei Lëntgener dei einfach mei vum Match haaten an mei zwengend den Oofschloss gesicht hun. Et bleiwt ze hoffen dass eis Meedecher sech nächsten Weekend geint Wentger besser aus der Affäre zeien!" (Text: Georges Bianchini)
ÉQUIPE FC IZEG: C. Lauer, A. Olinger, L. Ruppert (75.' S. Jimenez), G. Faramelli, S. Schiumarini, M. Fischer, J. Jenin (65.' C. Schmit), S. Rodrigues (46.' L. Schiltz), L. Noesen, L. Kieffer, G. Sietzen
DAMMEN AN DER VÉIRELSFINALE VUN DER COUPE
(27.11.2011) Eis éischt Dammenéquipe steet no engem 3:1 (0:1)-Erfolleg géint d'Escher Fola an der Véirelsfinale vun der Coupe de Luxembourg. No enger schwaacher éischter Halschend hun eis Meedercher sech nom Säitewiessel erkritt an duerch Goler vum Lisa Noesen (2) a Gil Sietzen duerchgesat.
EQUIPE FC IZEG I: C. Lauer, A. Olinger, K. Noesen, L. Ruppert, G. Faramelli, L. Kieffer, L. Noesen, C. Bernard (46.' M. Fischer), C. Muller (46.' A. Schlink), G. Sietzen, C. Cardoso
DAMES 1 - 0:3-NIDDERLAG GÉINT MAMER
(19.11.2011) Matt engem enttäuschende Resultat huet eis éischt Dammenéquipe d'Virronn vum Championnat ofgeschloss. No enger 0:3-Nidderlag géint Mamer iwerwanteren eis Meedercher matt 11 Punkten op der drëttleschter Tabelleplaz.
DAMES 2 - 1:1-GLÄICHSPILL BEIM RFCUL
(19.11.2011) Ëmmerhin ee Punkt as um leschte Spilldag vun der Virronn fir eis zweet Équipe erausgesprongen; beim RFCUL gouf et en 1:1-Gläichspill. D'Sara Jimenez hat eis Meedercher virun der Paus matt 1:0 a Féirung bruet. Nom Säitewiessel krut den RFCUL aus onerkläerleche Grënn e Fräistouss zougesprach, deen der Lokaléquipe den Ausgläich abruet huet. Domatt konnt eis Équipe kee Kapital aus dem Fauxpas vum Leader Schëffleng schloen, dee beim 2:2 géint Mertert/Waasserbëlleg onerwaart Punkten hänkegelooss huet.
"E Samsden war et fir déi zweet Equipe en enorm wichtegen Match um Verluerekascht geint den Racing. Ons Meedecher waren mat enger e bessen onkonventioneller Opstellung an de Match gaangen, mee jidereen haat genee gewousst waat en ze maachen haat. 5 Minutten huet et gedauert, bis dass mir d'Heft an d'Hand geholl hunn. D'Laure Weis ass an der 6. Minutt 5m an der eegener Halschent fortgelaaf an kruut eng super Virlaag vum Linda Kieffer fir Richtung Goal fortzelaafen. Hatt hat 15 Meter Virsprong op déi géigneresch Verteideger. Op eemol wei d'Meedchen um 16m ukomm ass huet de Här J.-J. Kaiser eng éischt fatal Entscheedung getraff. Heen huet d'Laure zreckgepaff well heen vun den "Scheinwerfer geblennt gouf" (Zitat Arbiter Kaiser). Souwäit sou gudd. Wéi Gemidder sech erem berouegt haaten, hunn mir dun an der 22.' zougeschloen. D'Sara Jimenez kritt de Ball am 5m vum Jeanne Jenin vrun d'Feiss gespillt an huet eiskaal zum 1:0 eragesaat. De Match war immens serréiert an och hektesch. Des Hektik koum awer nemmen op, well den Arbiter Kaiser zu kengem Match "Normalform" erreechen konnt. Et war bessen wéi fréier um Véihmaart, deen deen am härtsten geblärt huert, kruut Recht. Mat deem Resultat vum 1:0 goung et och an d'Paus.
An der zweeter Halschent stounge mir 15 Minutten firchterlech enner Drock, mee ons Oofwier stoung ideal fir emmer nees de Ball ze klären. No deser Drangphase kruute mir d'Spill nees an de Greff an et haat een nie den Androck, dass dese Match kippen kéint. Do haat een de Fakteur Arbitrage net mat agerechent. An der 66.' huert den Här Kaiser eppes gesinn, waat di ronn 50 spectateuren net gesinn haaten, anscheinend e Feler vun eiser Ofwier, waat natiirlech "ridicule" war. Desen Freistouss konnten di Racinger Meedecher zum 1:1 eransetzen. Trotz deser Benodeelegung hunn eis Meedecher zu kengem Zaitpunkt de Kapp an de Buedem gestach, ganz am Geigendeel, mir hunn op den 2:1 gedreckt. Mat gudden Spillzich hunn mir et emmer rem ferdeg bruecht, de Géigner dronken ze spillen, leider huert di eng oder aaner Keier di néideg Konsequenz frum Goal gefeelt. An der 70.' sin ons Faarwen dann nees rem heftegst benodeelegt ginn vum Här Kaiser, wei d'Laure Weis op der Mettellinn mutwelleg emgetreppelt gouf. D'Meedchen loung do um Buedem, et huet natiirlech keen no him gekuckt an keen vun den Traineren huert dierften op den Terrain goen. Och dest hunn ons Meedecher gudd ewechgestach an hunn trotzdem weider Drock gemaach, ouni awer den iwwerfällegen 2:1 ze schéissen. Esou blouf et dann beim ongerechtferdegten 1:1.
Ech sinn absolut stolz op d'Meedecher, well si effektiv e Samsden e super Fussball gespillt hunn an ons Traineren genee daat gewissen hunn waat si kennen an waat mir vun hinnen verlaangen, just mat deem batteren Nogeschmaach, dass den Arbitrage si em den Erfolleg bruecht huert. IMMENS SCHUED." (Text: Thierry Reinert)
EQUIPE FC IZEG II: M. Kellner, D. Velazquez, S. Frederick, Lynn Schiltz, S. Repusic, E. Schaub, J. Jenin, S. Jimenez, B. Sant Ana, L. Kieffer (65.' Lisa Schiltz), L. Weis (70.' A. Stelmes)