Youth News

TURNÉIER-ERFOLLEGER FIR BAMBINIS & MINIMES

(17.05.2012) Souwuel eis Bambinis wéi och d'Minimes vun der Entente Weiler/Izeg konnten de Feierdag matt enger 1. Plaz op den Turnéieren zu Jonglënster resp. Käerch kréinen.

D'Bambinis vum FC Blo-Wäiss Izeg haten schonn d'Gruppematcher no engem 3:3 géint Hesper, engem 2:1-Succès géint d'JSG Obermosel an engem 9:0-Erfolleg géint Jonglënster als Éischten ofgeschloss. D'Finale géint Bäerdrëff/Konsdrëff gouf dunn no engem spannende Match matt 3:2 gewonn.

ÉQUIPE FC IZEG: Ari, Lenny, Noah, Maxime, Max, Noël, Arthur, Mick

Och fir eis Minimes as et um Jugenddag vum FC Käerch/Simmer gudd gelaf. Um Enn sollt d'Équipe vum Helcio Conegundes an Samuel Abrantes net manner wéi 9 Konkurrenten hannert sech loossen, an domatt den Tournoi fir sech entscheeden.

ÉQUIPE WEILER/IZEG: Steven, Moritz, Rafael, Sally, Louis L., Pit Z., Liam, Pit M., Yannick


JUGENDKOMMISSIOUN

Di nächst Versammlung vun der Jugendkommissioun vum FC Blo-Wäiss as en Donnëschdeg, de 24. Mee 2012 um 18h30.

 

 

 

JUNIOREN - 5:1-SUCCÈS ZU GAASPERECH

Eis Junioren hun an engem Trainingsmatch matt 5:0 (0:0) zu Gaasperech gewonn. D'Goler hun José Ferreira (3), Nicolas Almeida an Dylan Almeida geschoss.

 

MINIMES - 2. PLAZ UM SWIFTY INDOOR CUP ZU HESPER

Eis Minimes hun um Halenturnéier zu Hesper eng gudd zweet Plaz beluet.

No engem 1:0-Erfolleg géint Hesper I, enger 0:1-Nidderlag géint Déifferdeng an engem 5:0-Succès géint Beetebuerg haat d'Entente Weiler/Izeg d'Virronn als Gruppenéischten ofgeschloss. An der Halleffinale géint Hesper II gouf et eng 4:1-Victoire, ier an der Finale op en Neis Déifferdeng de Géigner war. D'Revanche sollt awer leider net glécken, well genau wéi am Gruppematch, d'Équipe aus dem Süden um Enn matt 1:0 d'Nues vir haat. © ZL 2012

 

JUNIOREN - 5:1-SUCCÈS GÉINT D'PETITE SUISSE

Eis Junioren hun hire Frëndschaftsmatch géint d'Entente Petite Suisse matt 5:1 (4:0) fir sech entscheed. D'Goler gin op de Kont vum Pol Summer (2), José Ferreira, Dylan Pinheiro an Anass Bouarass. © ZL 2012

 

SCOLAIRES - Changements Training

Changements TRAINING:

  • Lundi: Weiler, 18h-19h30
  • Jeudi: Weiler, 17h30-19h
  • Vendredi: ITZIG, 17h30-19h

(Luis Pereira)

 

JUNIOREN VERLÉIEREN TESTMATCH ZU SANDWEILER

Am Kader vun der Preparatioun op den 2. Tour vum Championnat, hun eis Junioren géint d'zweet Équipe vu Sandweiler matt 1:6 (0:3) verluer. De Gol fir d'Entente Izeg/Weiler huet den Dylan Pinheiro geschoss.

 

CADETS AN DER COUPE ELIMINÉIERT

Am Nodrosmatch vum zweeten Tour an der Coupe des Cadets gouf et fir d'Entente Izeg/Weiler/Cebra eng 0:6 (0:1)-Nidderlag. An der éischter Halschend konnten eis Jongen nach gudd matthalen, no der Paus sollt dunn awer d'Entente UMW/Gréiwemaacher hir konditionnell Virdeeler ausnotzen, fir sech um Enn däitlech duerchzesetzen. © ZL 2012

 

JUNIORS - NIDDERLAG AM TESTMATCH

Eis Junioren hun an engem Testmatch zu Hesper matt 2:12 (0:5) de Kierzere gezunn. D'Goler fir d'Entente Izeg/Weiler gin op de Kont vum Pol Summer a José Ferreira.

Iwerdeems gouf den Trainingsmatch géint d'Petite Suisse, dee fir dëse Freideg geplangt war, op méindes de 5. Mäerz um 20h00 verluet.

 

MINIMES GEWANNEN HALENTURNÉIER ZU BARTRENG

Eis Minimes hun den Halenturnéier am Centre Atert zu Bartreng gewonn. Duerch e Gol vum Yannick Freitas konnt sech d'Entente Weiler/Izeg an der Finale matt 1:0 géint Märel duerchsetzen, an domatt vu 14 Equipen di 1. Plaz beléen. © ZL 2012

 

SCOLAIRES FIR DEN 3. TOUR AM FUTSAL QUALIFIZÉIERT

Eis Scolaires hun sech  fir den drëtten Tour vum Indoor-Championnat qualifizéiert. An der Sportshal zu Rëmeleng huet d'Entente Weiler Izeg matt 7 Punkten, hannert der Lokaléquipe (11) an Norden 02 (7) di drëtt Plaz beluet, an domatt d'Etzella (6), d'Entente Lëntgen/Luerenzweiler (5) an den Äischdall (4) hannert sech gelooss. Bravo Jongen!

Den 3. Tour gëtt e Samschdeg de 04. Februar um 09h00 an der Hal "Käerjenger Dribbel" zu Bascharage ausgespillt. D'Géigner sin Déifferdeng, Wuermeldeng, Péiteng, Käerjeng an d'Entente Gréiwemaacher/UMW. © ZL 2012

 

NEIEN TRAINER FIR EIS CADETS

De Serge Haupert as net méi Trainer vun eise Cadets. Hien gëtt vum Patrick Biergen ofgeléist, deen sech an Zukunft ëm d'Spiller vun der Entente Izeg/Weiler/Cebra këmmere wäert.

 

CADETS - LESCHTE MATCH OFGESOT

De leschte Championnatsmatch vun eise Cadets géint d'Entente Biwer/Jonglënster, as wéinst dem schlechten Zoustand vum Izeger Terrain ofgesot gin, a gëtt - wéinst der Irrelevanz op d'Schlussklassement - vun der FLF matt 0:0 gewäert.

 

NEI ÉQUIPEMENTER FIR EIS JUGENDSPILLER

E Freideg den 9. November 2011 um 18h00 kréien d'Poussins, d'Minimes, d'Scolaires, d'Cadets an d'Junioren vun der Entente Izeg/Weiler am VIP-Raum vum Stade Albert Kongs zu Izeg hir nei Joggingen, K-Wayen a Sacochen iwerreecht, dëst a Presenz vun de Buergermeeschteren vun der Hesper a Weiler Gemeng.

 

Niklosfeier 2011

En Dënschdeg, den 29. November 2011 kënnt de Kleeschen bei d'Bambinis, d'Pupilles an d'Poussins vum FC Blo-Wäiss Izeg. De Kleeschen gëtt, zesumme mam Housecker, fir 17h30 am VIP-Raum vum Stade Albert Kongs zu Izeg erwaart.