"COUPE DU 80ième ANNIVERSAIRE" ZU IZEG


06 June 2021

Den FC Blo-Wäiss Izeg organiséiert dëst Joer nees seng traditionnell Coupe virum Optakt vum Championnat. Am Kader vum 80. Anniversaire vum Club trieden um éischten August-Weekend d’US Sandweiler, den FC The Belval Bieles, den FC Cebra 01 an d’Lokalekipp zu Izeg un.

+++ PROGRAMM AM IWWERBLECK +++

Donneschdeg, 5. August 2021:

  • Sandweiler – Bieles (19.30 Auer)


Freideg, 6. August 2021:

  • Izeg – Cebra (19.30 Auer)


Sondeg, 8. August 2021:

  • Match fir d’3. a 4. Plaatz (15.00 Auer)
  • Finall (17.00 Auer)