1 WOCH, 3 MATCHER, 9 PUNKTEN


08 May 2021

Matt engem "parcours sans faute" huet eis éischt Dammenekipp hir englësch Woch gemeeschtert a mam Maximum vun 9 Punkten aus 3 Matcher ofgeschloss.

No den zwou 5:1-Victoiren géngt d'Fola an Dikrech gouf et zu Jonglënster e verdéngten 1:0-Succès. Den entscheedende Gol ass kuerz virun der Paus gefall, wéi d'Amal Cherkane no engem Corner vum Lea Kieffer mam Kapp markéiert huet (45.').

D'Entente Izeg/Cebra huet vun der éischter bis déi lescht Minutt eng disziplinéiert Leeschtung gewisen, war kämpferësch net ze toppen an hirem Géigner zäitweis och spillerësch iwerléen.

An der zweeter Halbzeit haten eis Meedercher nach weider Chancen, fir de Match fréizäiteg ze entscheeden. No 7 Minutten Nospillzäit war den Erfolleg perfekt, am Klassement klëmmt eis Ekipp doduerch op déi 4.Plaatz.

Nächste Samschdeg, de 15.Mee geet et weider matt engem Heemmatch géngt Wëntger. Ustouss ass ëm 19h00 zu Zéisseng.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Borges, L.Noesen, Pedrosa, Santos, Kieffer, Amalou (64.' Franc), Cherkane (90+5.' Graas)