3 GOLER, 3 PUNKTEN, 3.PLAATZ


10 February 2021

Eis éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch vum 4.Spilldag géngt Ell matt 3:0 fir sech entscheed, nodeems et an der Paus 1:0 stoung. Duerch dës Victoire verbesseren d'Spillerinnen vum Trainer Laurent Erlinger sech am Klassement, matt elo 15 Punkten, op déi drëtt Plaatz.

D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra
hunn d'Sania Amalou (11.') an d'Lisa Noesen (54.' an 64.') geschoss. Schonn dëse Samschdeg, 13.Februar steet en Auswäertsmatch beim Tabellen-Aachten zu Dikrech um Programm. Opgrond vun de Covid-19-Restriktiounen sinn och hei keng Zuschauer zougelooss.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Pedrosa (74.‘ Kettel), Kieffer, Goncalves, Santos, Cherkane, Morgado, Noesen, Graas, Borges (80.‘ Mangen), Amalou