AN DER LOTERIE GEWONN

AN DER LOTERIE GEWONN

No engem 8:7-Erfolleg am Elefmeterschéissen bei der US Rammerech steet eis éischt Ekipp am nächsten Tour vun der Coupe FLF.

Um synthetëschen Terrain zu Kietscht war den Zweetdivisionär an der 80.Minutt duerch en Elefmeter a Féirung gaang. Den agewiesselten Bob Hoffmann konnt awer kuerz duerno fir déi Blo-Wäiss ausgläichen (83.'), sou dass de Match an d'Verlängerung gaang ass.

Et sollt awer och no 120 Minutten ëmmer nach 1:1 stoen, sou dass d'Loterie Elefmeterschéissen iwert e Weiderkommen huet missen entscheeden. Hei hat déi jonk Izeger Ekipp -ëmmerhin waren 9 Spiller an der Startformatioun net méi al wéi 21 Joer- déi besser Nerven an ass um Enn als Gewënner vum Terrain gaang.

EKIPP FC IZEG:
Sprunck, Rohen, Lopes, Gierenz, Cornes, Faria, J.Cillien, Marques, I.Makhloufi, Van Nugteren, Gruhonjic (Reserve: Da Costa, Hoffmann, Rust, Ziebart)