BATTER SCHLUSSVÉIRELSTONN


13 November 2021

Um 11.Spilldag huet eis éischt Equipe sech zu Menster missen matt 2:3 geschloë ginn. An der Paus louchen déi Blo-Wäiss matt 1:0 a Féirung, nodeem de Youri Cillien an der 39.Minutt markéiert hat.
 
Kuerz nom Säitewiessel konnt den Harun Mehanovic (50.') den zweeten Izeger Gol schéissen, d'Freed doriwwer war awer net vu laanger Dauer. Wéi d'Visiteuren, no der Verletzung vum Fabio Martins, kuerzzäiteg an Ënnerzuel gespillt hunn, konnt Menster op 1:2 verkierzen (58.').
 
An der Schlussphas sollt den FC Syra dunn de Match definitif zu senge Gonschten dréien. Nëmmen dräi Minutten nom Ausgläich (78.') huet d'Lokalekipp vun engem Elefmeter profitéiert, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.
 
EKIPP FC IZEG: Guerra, Almeida (73.' B.Marques), Jacinto, Merino, Makhloufi, Dos Reis, Y.Cillien, Rust (37.' Costa), H.Mehanovic, Goncalves, Martins (59.' B.Mehanovic)
 
E Sondeg, den 21.November ëm 16 Auer steet den nächste Championnatsmatch doheem géngt d'Union Käl-Téiteng um Programm.
 
#fci1941