Cadets: Swift Hesper - Ent. Weiler/Izeg/Uespelt


07 May 2018

Dëse Sondeg hunn d’Cadet’en vun der Entente Weiler/IZEG/Uespelt mat enger Gedenkminutt un zwou Persounen vun IZEG a Weiler geduecht, déi leider viru kuerzem verstuewen sinn.

Mam Diane Gerardy an Serge Groff hunn zwou Persounen den FC Blo-Wäiss IZEG an d’Yellow Boys vu WEILER fir ëmmer verlooss. Mir wëllen de Familien ons häerzlechst Bäileed ausdrecken a de Jongen an hirem Staff Merci soen fir dee Geste.