COUPE-AUSLOUSUNG BEI DER JUGEND


16 August 2022

Eng Woch virum Optakt vum Jugendchampionnat stinn d'"Tours préliminaires" an den eenzelnen Coupen um Programm.
 
Dobäi hunn eis Junioren e Fräilous gezunn. Datselwecht gëlt och fir d'Minimes, déi sech eréischt an der 1/32-Finall (27.09.) matt der Entente Ënnersauer/Mëllerdall wäerte moossen.
 
D'Scolaires vun der Entente Izeg/Sandweiler mussen samschdes, den 10.09. zu Rodange untrieden, iwwerdeems eis Cadets sondes, den 11.09. doheem géngt Mäerzeg spillen.