COUPE DES DAMES - KNAPP VERLUER


11 May 2022

Et huet leider net solle sinn... An der Halleffinall vun der Coupe des Dames muss d'Entente Izeg/Cebra sech nëmmen knapp matt 0:1 géngt de Racing FC Union Letzebuerg geschloë ginn. Den decisive Gol ass an der 81.Minutt gefall.
 
Eis Meedercher hunn de Visiteuren iwwer 90 Minutten d'Liewen schwéier gemaach, sinn um Enn awer leider net fir hire groussen Asaatz belount ginn.
 
E grousst Kompliment un d'Chantal Graas an seng Spillerinnen, déi top preparéiert un hir Aufgab erugaang sinn, an no un der Iwerraschung drun waren.
 
EKIPP ENT.IZEG/CEBRA: Schlimé, Kieffer (Goncalves), K.Noesen, Pedrosa, Boutellaka, Raos, Morgado, L.Noesen, Clerc, Zarnowski, Soares (Alves)
 
Um Programm bleiwen elo nach d'Championnatsmatcher bei der Entente Wuermer (14.5.), am zweeten Ulaaf zu Wëntger (18.5.) an ofschléissend doheem géngt Dikrech (21.5.)
 
#icc