DÄITLECH HEEMNIDDERLAG


27 February 2023

Eis éischt Ekipp huet sech doheem géngt d’Union Käl-Téiteng matt 0:4 misse geschloë ginn, nodeem et an der Paus 0:2 stoung.
 
D’Goler fir den Tabellendrëtten sinn an der 14.’, 43.’, 71.’ an 78. Minutt gefall.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Faber, Falkner, Faustino, Gales, Almeida, Marques, Myre, Ribeiro, Tacchi, Wagener (Reserve: T.Goncalves, Faria, Rischard, Gollette, Perrey)
 
Schonn dëse Mëttwoch den 01.Mäerz steet weideren Heemmatch um Programm. An der Aachtelsfinall vun der Coupe FLF ass den FC Baastenduerf zu Izeg op Besuch. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 20 Auer.