DÄITLECH VICTOIRE


10 March 2021

Ein éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch vum 8.Spilldag géngt d'Fola matt 13:0 gewonn. No den éischte 45 Minutten stoung et schonn 9:0.

De gréissten Undeel hat d'Lisa Noesen, dat am Ganzen sechs Mol getraff huet (5.', 18.', 23.', 45.', 50.' an 72.'). Di aner Goler ginn op de Kont vum Sania Amalou (25.' an 42.'), Emmanuelle Franc (20.' an 37.'), Melania Morgado (21.'), Sara Borges (55.') an Amal Cherkane (78.').

Am Klassement verbessert sech d'Entente Izeg/Cebra op déi 4.Tabelleplaatz.

Nächste Samschdeg ëm 19 Auer steet de leschte Match vun der Virronn bei der Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher um Programm.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Kettel (58.' Graas), K.Noesen, Morgado, Borges, L.Noesen, Pedrosa, Kieffer, Amalou (70.' Gregorius), Franc (54.' Cherkane), Santos