DAMES 1 - KENG PUNKTEN BEI DER ENTENTE WMG


15 May 2022

Eis éischt Dammenekipp huet um 25.Spilldag bei der Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher matt 0:3 (0:1) de Kierzere gezunn.

Am Klassement bleiwt d’Entente Izeg/Cebra matt 33 Punkten op der 7.Plaatz.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, K.Noesen, Pedrosa (69.' De Jesus), Boutellaka, Raos (32.' J.Lopes), Morgado, L.Noesen, Clerc, Zarnowski, Soares, Amalou

Dëse Mëttwoch, 18.Mee ëm 20 Auer spillen eis Meedercher den Nodrosmatch bei der Entente Wëntger/Wolz, ier nächste Samschdeg, 21.Mee de leschte Spilldag um Programm steet.

Fir den Ofschloss vun der Saison ass ëm 19 Auer Dikrech um Stade Albert Kongs zu Izeg op Besuch.

#icc