DE FLORENT TACCHI STELLT SECH VIR


18 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Florent Tacchi gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 23 Joer

- Meng Positioun: Innenverteideger

- Meng Gréisst: 1,97 Meter

- Mäi Spëtznumm: Flo

- Meng Veräiner bis elo: Racing, Izeg

- Zu Izeg säit: 2010

- Mäi beschte Match bis elo: do muss een de Paulo froen

- Mäi beschte Géigespiller: Aldin Skenderovic

- Meng schlëmmsten Verletzung: Fouss verstaucht

- Mäi Virbild an der Jugend: Ronaldinho, mäi grousse Brudder

- Mäi Lieblingsclub: Sporting Clube de Portugal

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Schüler

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Sport, matt Famill a Kollegen Zäit verbrengen

- Mäi Liewensmotto: No Stress

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert villes (haaptsächlech einfach Saachen)

- Ween ech gär géif kenneléieren: Megan Fox

- Wou ech gär géif liewen: Amerika

- Mäi Lieblingsiessen: Kebab

- Mäi Lieblingsgedrénks: Cola

- Mäi Lieblingsmuseker: do ginn et der vill

- Mäi Lieblingslidd: hunn ech keent

- Mäi Lieblingsschauspiller: Paul Walker

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Validé, Lucifer, Fast & Furious

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert alles