DE JOËL KITENGÉ STELLT SECH VIR


10 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Joël Kitenge gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 33 Joer

- Meng Positioun: offensiv Mëtt, Stiermer

- Meng Gréisst: 1,75 Meter

- Mäi Spëtznumm: Jo, Kitenge, Jokit, Premier Minister

- Meng Veräiner bis elo: Villefranche (F), Emmendingen (D), Lienden (NL), Fola Esch, F91 Diddeleng, Gréiwemaacher, Useldeng, Rëmeleng, Izeg

- Zu Izeg säit: 2017

- Mäi beschte Match bis elo: Victoire matt der Nationalekipp géngt d‘Schwäiz

- Mäi beschte Géigespiller: Daniel van Buyten, Philippe Mexès, Clarence Seedorf

- Meng schlëmmsten Verletzung: Foussbroch

- Mäi Virbild an der Jugend: Thierry Henry, Zinédine Zidane, Ronaldinho

- Mäi Lieblingsclub: FC Barcelona, Arsenal London

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Gemengenarbechter

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Tennis, Reesen, Restaurant

- Mäi Liewensmotto: You only live once (Yolo)

- Wouriwwer ech mech freeën kann: wann mäin Haus fäerdeg ass

- Ween ech gär géif kenneléieren: Halle Berry

- Wou ech gär géif liewen: Karibik

- Mäi Lieblingsiessen: afrikanësch

- Mäi Lieblingsgedrénks: Rhum, Sumol Maracuja

- Mäi Lieblingsmuseker: Lil Wayne

- Mäi Lieblingslidd: Pussy, Money, Weed

- Mäi Lieblingsschauspiller: Denzel Washington

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Man on Fire

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert alles