DE LEUTRIM DEMUKAJ STELLT SECH VIR


16 December 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller an Trainer vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vun eisem Seniors-Reserves-Trainer Leutrim Demukaj gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 31 Joer

- Meng Positioun: Spillertrainer Seniors 2 (Couloir)

- Meng Gréisst: 1,85 Meter

- Mäi Spëtznumm: Leo

- Meng Veräiner bis elo: Käl, Useldeng, Uespelt, Izeg

- Zu Izeg säit: Summer 2018

- Mäi beschte Match bis elo: do sinn der net vill dobäi gewiescht :P

- Mäi beschte Géigespiller: Miralem Pjanic (Poussins)

- Meng schlëmmsten Verletzung: nie verletzt

- Mäi Virbild an der Jugend: Ryan Giggs

- Mäi Lieblingsclub: Manchester United

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Bauingenieur

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Reesen

- Mäi Liewensmotto: ëmmer positif denken

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert alles an näischt

- Ween ech gär géif kenneléieren: Sir Alex Ferguson

- Wou ech gär géif liewen: Neuseeland

- Mäi Lieblingsiessen: Pizza Diavola

- Mäi Lieblingsgedrénks: Picon

- Mäi Lieblingsmuseker: /

- Mäi Lieblingslidd: /

- Mäi Lieblingsschauspiller: Denzel Washington

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Departed

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert alles an näischt