DE PAULO MOURA STELLT SECH VIR


08 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Trainer a Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut um Sondeg gi mir méi vun eisem Trainer Paulo Moura gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 51 Joer

- Meng Positioun: Trainer

- Meng Gréisst: 1,64 Meter

- Mäi Spëtznumm: /

- Meng Veräiner bis elo: dat sinn der e puer, déi zwee lescht sinn Stroossen an elo Izeg

- Zu Izeg säit: 2019

- Mäi beschte Match bis elo: top Leeschtung an der Coupe géngt Déifferdeng

- Mäi beschte Géigespiller: Manuel Cardoni

- Meng schlëmmsten Verletzung: Kräizband

- Mäi Virbild an der Jugend: meng Jugendtraineren

- Mäi Lieblingsclub: Borussia Dortmund, Real Madrid


PRIVAT

- Mäi Beruff: Compliance officer op enger Bank

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Schwammen, Velo, Moto a Musek

- Mäi Liewensmotto: nie eppes opginn, ëmmer positif egal wéi schwéier et ass

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwert e gudd Iessen matt Kollegen

- Ween ech gär géif kenneléieren: Julia Roberts

- Wou ech gär géif liewen: wou ech meng Passioun kann weidervermëttelen, do wou et waarm ass

- Mäi Lieblingsiessen: Salade de poulet

- Mäi Lieblingsgedrénks: e gudd Glas Rouden :-)

- Mäi Lieblingsmuseker: ACDC

- Mäi Lieblingslidd: Thunderstruck

- Mäi Lieblingsschauspiller: Sylvester Stallone

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Rocky

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert alles