DE RAFAEL MARQUES STELLT SECH VIR


20 December 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Rafael Marques gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 21 Joer

- Meng Positioun: RB, LB, CB

- Meng Gréisst: 1,77 Meter

- Mäi Spëtznumm: /

- Meng Veräiner bis elo: F91 Diddeleng, ASL Porto, Izeg

- Zu Izeg säit: 2019

- Mäi beschte Match bis elo: Halleffinall Coupe du Prince F91 - Fola

- Mäi beschte Géigespiller: Dany Mota

- Meng schlëmmsten Verletzung: Adduktor ugerass

- Mäi Virbild an der Jugend: /

- Mäi Lieblingsclub: SL Benfica

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Mecatroniker

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: iessen

- Mäi Liewensmotto: ëmmer eng easy

- Wouriwwer ech mech freeën kann: Vakanz

- Ween ech gär géif kenneléieren: /

- Wou ech gär géif liewen: Norwegen

- Mäi Lieblingsiessen: Sushi

- Mäi Lieblingsgedrénks: Waasser

- Mäi Lieblingsmuseker: Nekfeu

- Mäi Lieblingslidd: /

- Mäi Lieblingsschauspiller: /

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Sons of Anarchy

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert meng schlecht Witzer