DECISIVE MATCH ËM DI 3t PLAZ


17 May 2018

Dëse Samsdeg, 19. Mee, kënnt ët zu Izeg zu engem richtegen "Showdown" ëm di 3t Plaz, gläichbedeitend mat Barrageplaz, an der 2ter Divisioun 2ten Bezirk. Do trëfft de punktgläichen Drëtten, den FC Blo-Wäiss IZEG, op den Véierten, Sporting Club Beetebuerg.

Bei engem Gläichspill, kéint och nach den 5ten, den Red-Star Märel/Belair op di 3 Plaz novirrëckelen.

Dofir kommt all op Izeg a brengt jiddereen mat fir ons 1t Equipe ze ënnerstëtzen.

Si hunn sech ët verdengt!

Come on you boys in blue