DEIER BEZUELTEN ERFOLLEG


17 October 2021

Matt enger Energieleeschtung an der leschter halwer Stonn huet eis éischt Ekipp sech bei der Union Réimech/Bus matt 4:2 duerchgesat a verbessert sech domatt op déi drëtt Tabelleplaatz - punkt- a golgläich mam FC Cebra 01.
 
Et war vun Ufank un keng einfach Aufgab fir d'Ekipp vum Trainer Paulo Moura, dee schonn fir dëse Match verletzungsbedéngt op eng Rei Spiller huet misse verzichten. Nodeems an der éischter Halbzeit op béide Säiten keng Goler gefall waren, sollt sech dat no der Paus séier änneren.

D'Lokalekipp ass zwee Mol a Féirung gaang (55.' an 66.'), mee all Kéiers haten déi Blo-Wäiss duerch de Michaël Gollette (61.') an de Fabio Martins (72.') déi richteg Äntwert parat. An der Schlussphas konnten de Youri Cillien (79.') an de Yannick Goncalves (90.') dunn alles kloer maachen.

Allerdings hunn d'Visiteuren hir Victoire deier misse bezuelen. Schonn no 8 Minutten gouf de François Merino blesséiert ausgewiesselt. Fir hien ass de Yan Falkner op den Terrain komm, mee och fir eis Nummer 11 war no 66 Minutten wéinst enger Verletzung virzäiteg Schluss. Am Schlëmmsten huet et den Dylan Costa erwëscht, dee sech an der Nospillzäit um Kapp an un der Wirbelseil blesséiert hat a matt der Ambulanz an d'Klinik gefouert gouf.
 
Mit wënschen all eise Verletzten vun dëser Plaatz aus eng gudd Besserung an hoffen, dass jidfereen vun hinnen sou séier wéi méiglech nees um Terrain steet!
 
EKIPP FC IZEG: Guerra, Y.Cillien, Jacinto, Merino (8.' Falkner, 66.' B.Marques), Almeida, Costa, Dos Reis, Martins, H.Mehanovic (77.' Makhloufi), Gollette, Goncalves

 

E Sondeg, de 24.Oktober ëm 16 Auer steet den nächste Championnatsmatch zu Bartreng um Programm.

 

#fci1941