DEM PAULO MOURA SÄI BILAN 2020


22 December 2020

Um Enn vun engem außergewéinlechen (Futtball)joer kuckt de Paulo Moura, Trainer vun eiser éischter Ekipp, op déi lescht Méint zréck.

Wéi gesäit däi perséinleche Bilan 2020 aus, wat bleiwt dir vun dësem Joer positif, a wat negatif an Erënnerung?


Paulo Moura: Wann ech zréck kucken, waren déi lescht Méint net einfach, mee ech denken, fir déi meeschte Leit net. Positif ass, dass de Veräin Izeg mir d‘Verantwortung ginn huet iwert d‘éischt Ekipp, nodems ech am Januar meng Demissioun eraginn hat, a wou just e puer Leit bescheed wossten, well ech d‘Ekipp net wollt destabiliséieren.

Wat dono komm ass, huet mech perséinlech getraff, well vill Leit absolut keng Ahnung haten a guer net wossten, dass fir mech Schluss gewiescht wär um Enn vun der Saison 2019-2020. Do hunn ech missten perséinlech ganz vill astiechen, an och esouguer meng Famill - an dat vu Leit, déi mech absolut net kennen. Ech soen dene Leit einfach merci a wënschen denen schéi Feierdeeg.

Dominéiert d'Satisfactioun iwert d'sportlech Performancen vun denger Ekipp, oder éischter d'Enttäuschung, dass dëst Joer am grousse Ganzen alles anescht wéi normal ofgelaf ass? 


P.M.: Wat elo d‘sportlech Satisfactioun ugeet, stinn mir am Moment op der éischter Plaatz. Trotz all dene Problemer, déi mir haten, hu mir et fäerdegbruecht, eng Ekipp an der éischter Divisioun bis elo ze stabiliséieren. Ech hoffen, dass mir 2021 weider kënne spillen, well d‘Competitioun feelt eis. Mee d‘Gesondheet geet vir.

Wat wënschst du dir alles fir 2021?


P.M.: Mir wëllen elo esou wäit goen, wéi et geet, well wann ech den Asaatz gesinn op all Training: einfach mega, wéi all d‘Spiller sech druginn. Ech hu Vertrauen an all eenzelne Spiller. Si sinn a mengen Aan all wichteg, egal op Titulaire oder net. Et geet ëm d‘Ekipp an ëm eise gemeinsamen Objectif.

Dem neie Comité wënschen ech vill Erfolleg am Ëmsetzen vun hiren Ideen. De Supporter a Benevolen, merci fir äeren Asaatz. Der Gemeng merci fir d‘Arbecht op eisem Site an um Terrain, an och merci un eis Sponsoren. 

Wéi gesoot, ech hoffen, mir kënnen 2021 erëm Sport maachen ouni Restriktiounen. Dat ass mäi gréisste Wonsch, well d‘Zäit bleift net stoen.

Ech wënsche jiddferengem fir 2021 nëmmen Positives, well dëse Virus huet eis definitif verännert, en tout cas mech jo. Denkt drunn, keng Excuse oder kee Smartphone op der Welt kann de richtege Kontakt matt dene Leit, wou een gäeren huet, ersetzen. Dofir huelt iech Zäit fir déi Leit, wou wichteg fir iech sinn, an net just, wann Fiesta ass.

Schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!