DEN ALAIN SCHANET STELLT SECH VIR


14 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Alain Schanet gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 33 Joer

- Meng Positioun: Mëttelfeld

- Meng Gréisst: 1,82 Meter

- Mäi Spëtznumm: /

- Meng Veräiner bis elo: Reisduerf, Ierpeldeng, Miedernach, Miersch, Iechternach, Hueschtert, Izeg

- Zu Izeg säit: 2016

- Mäi beschte Match bis elo: géint Schieren matt Ierpeldeng

- Mäi beschte Géigespiller: Arthur Abreu

- Meng schlëmmsten Verletzung: haat nach keng

- Mäi Virbild an der Jugend: David Beckham

- Mäi Lieblingsclub: fir e richtege Lëtzebuerger gett et just den FC Bayern

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Employé de l'Etat

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: säit kuerzem ass meng nei Passioun Crossfit

- Mäi Liewensmotto: hunn ech keent

- Wouriwwer ech mech freeën kann: Zäit genéissen matt mengen Kids

- Ween ech gär géif kenneléieren: Eva Mendes

- Wou ech gär géif liewen: am Süden vun den USA

- Mäi Lieblingsiessen: Penne arrabiata

- Mäi Lieblingsgedrénks: Gin Tonic

- Mäi Lieblingsmuseker: Michael Jackson

- Mäi Lieblingslidd: Just the two of us (Will Smith)

- Mäi Lieblingsschauspiller: Dwayne The Rock Johnson

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Vikings

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert mech selwer an d'Topegkeeten vu menge Kanner