DEN ANES GRUHONJIC STELLT SECH VIR


12 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Anes Gruhonjic gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 19 Joer

- Meng Positioun: lénke Fligel

- Meng Gréisst: 1,82 Meter

- Mäi Spëtznumm: Anko

- Meng Veräiner bis elo: Hesper, Déifferdeng, Izeg

- Zu Izeg säit: Juni 2020

- Mäi beschte Match bis elo: U19 Coupe-Halleffinall

- Mäi beschte Géigespiller: Ryan Lohei

- Meng schlëmmsten Verletzung: Muskelfaserrëss

- Mäi Virbild an der Jugend: Ronaldo (Brasilien)

- Mäi Lieblingsclub: Borussia Dortmund

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Schüler (op Première)

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: matt Kollegen chillen

- Mäi Liewensmotto: Verléier däin Ziel nie aus den Aan!

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert e gewonnene Match

- Ween ech gär géif kenneléieren: Cristiano Ronaldo

- Wou ech gär géif liewen: Berlin

- Mäi Lieblingsiessen: Cevapcici, Lasagne

- Mäi Lieblingsgedrénks: Spruddelwaasser

- Mäi Lieblingsmuseker: Azet

- Mäi Lieblingslidd: Alles wird gut (Bushido)

- Mäi Lieblingsschauspiller: The Rock Dwayne Johnson

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Prison Break

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert Witzer a Provokatiounen