DEN DYLAN COSTA STELLT SECH VIR


16 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Dylan Costa gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 26 Joer

- Meng Positioun: lénken Verteideger (spillen awer am Moment an der Mëtt op der 8)

- Meng Gréisst: 1,78 Meter

- Mäi Spëtznumm: Tazz

- Meng Veräiner bis elo: Hesper, Stroossen, Bartreng, Izeg

- Zu Izeg säit: Juni 2020

- Mäi beschte Match bis elo: /

- Mäi beschte Géigespiller: /

- Meng schlëmmsten Verletzung: Foussbroch

- Mäi Virbild an der Jugend: Zinédine Zidane, David Beckham an Roberto Carlos

- Mäi Lieblingsclub: FC Bayern München

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Plënnermann (Streff)

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Billard a Kachen

- Mäi Liewensmotto: Tu peux perdre la partie, mais pas la guerre

- Wouriwwer ech mech freeën kann: wann ech Zäit mat ménge Leit verbrénge kann, wou ech gäeren hunn

- Ween ech gär géif kenneléieren: Zlatan

- Wou ech gär géif liewen: op enger Welt, wou Fridden wier

- Mäi Lieblingsiessen: Spaghetti bolognaise

- Mäi Lieblingsgedrénks: Ice Tea

- Mäi Lieblingsmuseker: Cesária Évora

- Mäi Lieblingslidd: Enjoy yourself (Pop Smoke)

- Mäi Lieblingsschauspiller: Omar Sy

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Little man, New York unite spéciale

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwer meng eegen Dommheeten