DEN HARUN MEHANOVIC STELLT SECH VIR


22 November 2020

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Harun Mehanovic gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 23 Joer

- Meng Positioun: defensiv/offensiv Mëttelfeld

- Meng Gréisst: 1,82 Meter

- Mäi Spëtznumm: Haki

- Meng Veräiner bis elo: Racing, RM Hamm Benfica, Millebaach Sandzak, Izeg

- Zu Izeg säit: 2019

- Mäi beschte Match bis elo: matt Izeg géngt Gréiwemaacher (2:0)

- Mäi beschte Géigespiller: Bryan Mélisse

- Meng schlëmmsten Verletzung: /

- Mäi Virbild an der Jugend: Andrés Iniesta, Zvjezdan Misimovic

- Mäi Lieblingsclub: FC Barcelona

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Polizist

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Fitness, Zäit verbrengen matt Famill a Kollegen 

- Mäi Liewensmotto: Laugh with any, but do not trust any

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwer 3 Punkten op engem Sondeg no enger haarder Woch Training

- Ween ech gär géif kenneléieren: Zlatan Ibrahimovic

- Wou ech gär géif liewen: Barcelona

- Mäi Lieblingsiessen: Räis matt Poulet

- Mäi Lieblingsgedrénks: Waasser

- Mäi Lieblingsmuseker: 50 Cent

- Mäi Lieblingslidd: Window Shopper

- Mäi Lieblingsschauspiller: Jason Statham

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Creed II

- Wouriwwer ech laachen kann: wann ech all Moies gesond opstoen kann, an et menger Famill gudd geet