DEN IZEGER FUTTBALL ASS AN TRAUER


14 August 2021

Den FC Blo-Wäiss Izeg trauert ëm säin Éirepresident Jean Haan.

De Jängi war no senger Carrière als Spiller laang Joren am Comité vum FC Blo-Wäiss Izeg aktiv an huet de Club vun 1969 bis 1991 als President geleet. An senger Amtszäit gouf ënnert Anerem 1973 den heitegen Terrain um Stade Albert Kongs ageweiht.

No sengem Motto "Wou e Wëllen ass, gëtt et och e Wee" huet de Jean Haan an de Joren duerno, zesumme matt enger ganzer Rei Benevolen vum Veräin, an Eegeregie de Bau vum neie "Clubhouse" an Ugrëff geholl an 1980 fäerdeggestallt.

Op sportlechem Plang konnt d'éischt Ekipp ënnert dem Jängi senger Féirung net manner wéi sechs Mol den Opstieg feieren. An de Saison'en 1974/75 an 1975/76 respektiv 1986/87 an 1987/88 ass souguer zwee Mol d'Konschtstéck gelongen, direkt zwee Mol hannerteneen eng Divisioun méi héich ze klammen.

No senger Amtszäit als President ass de Jängi sengem FC Blo-Wäiss och weiderhinn als Supporter trei bliwwen a stoung ëmmer erëm mat Rot an Dot zur Verfügung - ënnert Anerem als Vizepresident vum Organisatiounscomité vum 75. Anniversaire viru fënnef Joer. Dës Woch huet hien eis, no kuerzer Krankheet, am Alter vun 87 Joer leider fir ëmmer verlooss.

Jängi, mir soen dir op dëser Plaatz nach eng Kéier villmols Merci fir alles, wats du fir den Izeger Futtball gemaach hues! Mir wäerten dech ëmmer an allerbeschter Erënnerung behalen an drécken denger Famill eist häerzlechst Bäileed aus.