DËS SAISON KENG COUPE FLF MÉI


17 November 2020

D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet decidéiert, dass dës Saison an der Coupe FLF keng weider Matcher méi gespillt ginn.

Grond dofir ass de viraussichtlechen Terminmangel am neie Joer, nodeem d'Saison momentan wéinst der Corona-Pandemie ënnerbrach ass.

De Match vun eiser éischter Ekipp an der éischter Haaptronn géngt den FC Cebra 01 fällt dowéinst aus!