DRÄI PUNKTEN AN DER TÄSCH

Foto vun ZL



30 August 2020

Eis éischt Ekipp huet fir den Optakt vum Championnat näischt ubrenne gelooss an sech déi éischt dräi Punkte gesechert. Déi Blo-Wäiss hunn sech am Nopëschduell géngt Sandweiler matt 3:1 duerchgesat, an der Paus stoung et 1:0 fir d'Lokalekipp.
 
Viru ronn 180 Zuschauer -127 Payant'en haten d'Keess um Stade Albert Kongs passéiert- hunn d'Spiller vum Trainer Paulo Moura de Match vun Ufank un kontrolléiert a sinn no 21 Minutte verdéngt a Féirung gaang. No engem Feeler op de Yannick Goncalves op der Grenz vum Sandweiler Strofraum, huet den Abitter op den Elefmeterpunkt gewisen. De Michael Gollette huet sech dës Geléenheet net entgoë gelooss an den 1:0 markéiert. Obwuel déi Blo-Wäiss nach eng Reih weider Golchancen konnte verzeechnen, sollt et matt deem knappe Virsprong an d'Paus goen.
 
Nom Säitwiessel ass et dunn direkt ronn gaang. Nëmmen e puer Sekonnen nom Ustouss huet de Yannick Goncalves virum Sandweiler Golkipp d'Nerve behal an op 2:0 gesat (46.'). Eng weider Minutt méi spéit war et eng zweete Kéier de Michael Gollette, deen den Izeger Virsprong weider ausgebaut huet - 3:0 an der 47.Minutt. Am direkte Géigenzuch war et dunn un de Visiteuren, déi hir éischt richteg Golchance genotzt hunn fir, aus hirer Siicht, op 1:3 ze verkierzen (48.'). Bei deem Score sollt et dunn bis zum Schluss bleiwen, sou dass eis Ekipp hir éischt dräi Punkte konnt verbuchen.
 
Nächste Sondeg, de 6.September ëm 16h00 steet um zweete Spilldag e weideren Heemmatch um Programm, wann d'Résidence vu Walfer zu Izeg op Besuch ass.
 
EKIPP FC IZEG:

Chenard, Falkner, Y.Cillien, Tacchi, Boutarene, Goncalves, Costa (89.' Sabotic), Matteagi, Perkovic (59.' I.Makhloufi), Gollette, Maury (87.' Gruhonjic)