DRÄI PUNKTEN UM KIRMESSONDEG


07 November 2021

Um 10.Spilldag huet eis éischt Equipe näischt ubrenne gelooss an sech géngt Luna Uewerkuer matt 5:2 (3:1) duerchgesat.
 
Den Tabelleleschten war zwar schonn fréizäiteg duerch en Elefmeter a Féirung gaang (6.'), déi de Yannick Goncalves awer nëmmen 11 Minutte méi spéit konnt ausgläichen. En Doublé vum Harun Mehanovic (28.' a 40.') huet fir e berouegenden Avantage an der Paus gesuergt.
 
Nom Säitewiessel hunn de Michaël Gollette (50.') an de Yannick Goncalves (61.') d'Féirung ausgebaut, ier d'Luna matt engem zweete Gol (69.') fir d'Schlussresultat gesuergt huet. No zwou roude Kaarten an de leschte Minutten hunn d'Visiteuren de Match zu 9 missen fäerdeg spillen.
 
Duerch dës Victoire um Izeger Kirmessondeg verbessert sech d'Ekipp vum Trainer Paulo Moura am Klassement matt elo 19 Punkten op déi véiert Plaatz.
 
EKIPP FC IZEG: Guerra, B.Marques, Jacinto, Merino, Makhloufi, Dos Reis, Y.Cillien, Rust (70.' Tacchi), H.Mehanovic, Gollette (74.' Boutarene), Goncalves (70.' Gales)
 
E Samschdeg, den 13.November ëm 18 Auer steet den nächste Championnatsmatch zu Menster um Programm.
 
#fci1941