DRÄI WEIDER PUNKTEN


27 March 2021

Um 15.Spilldag vum Championnat huet d'Entente Izeg/Cebra sech matt 4:0 géngt Bartreng duerchgesat a verbessert sech doduerch am Klassement vun der Ligue 1 op déi 5.Plaatz.

An der éischter Halschend konnten d'Spillerinne vu Bartreng hire Géigner gréisstendeels vum eegene Strofraum ewechhalen. Golchancen fir eis Meedercher gouf et kaum, an sou huet et bis kuerz virun der Paus gedauert, ier d'Sara Borges den 1:0 markéiere konnt (39.').

Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp séier fir kloer Verhältnësser gesuergt. E Fräistouss vum Lea Kieffer (49.') an zwee weider Goler vum Chantal Graas (65.') a vum Sania Amalou (71.') hunn de Score an d'Luut geschrauwt.

Den Erfolleg ass ëmsou méi héich ze bewäerten, well mam Amal Cherkane, Emmanuelle Frank, Shirin Gregorius, Kiara Noesen an Catia Santos net manner wéi 5 Spillerinnen aus verschiddene Grënn net zur Verfügung stoungen.

Nächste Samschdeg, den 3.Abrëll ëm 19.00 Auer steet en Auswäertsmatch zu Ell um Programm.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Mangen, Goncalves, Morgado, Kettel (83.' Reinertz), Graas (80.' Nilles), Borges, L.Noesen, Pedrosa, Amalou, Kieffer (76.' Sousa)