DRÄI WICHTEG PUNKTEN


11 October 2021

Um 7.Spilldag huet eis éischt Ekipp sech matt 2:1 (1:0) géngt Walfer duerchgesat an verbessert sech doduerch am Klassement op déi fënneft Plaatz.

Kuerz virun der Paus hat de Youri Cillien vun engem Walfer Golkippsfeeler profitéiert an d'Lokalekipp matt 1:0 a Féirung bruet (39.'). Nom Säitewiessel gouf et Golchancen op béide Säiten, et sollt awer bis déi 71.Minutt daueren, ier d'Visiteuren en Elefmeter genotzt hunn, fir auszegläichen.

D'Freed iwert den 1:1 war awer net vu laanger Dauer, well nëmmen 7 Minutte méi spéit huet den Abitter och am Walfer Strofraum op de Punkt gewisen. Dës Geléenheet huet den agewiesselten Michaël Gollette sech net entgoë gelooss an den decisiven 2:1 markéiert (78.').

Leider gouf de knappen Erfolleg och deier bezuelt. Mam Florent Tacchi (26.') a Rachid Boutarene (54.') hunn direkt zwee Izeger Spiller virzäiteg missen verletzt ausgewiesselt ginn.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Jacinto, Merino, Tacchi (26.' Almeida), Boutarene (54.' B.Marques), Dos Reis, Y.Cillien, H.Mehanovic (63.' Gollette), Martins, Goncalves, Falkner

Schonn dëse Mëttwoch, den 13.Oktober ëm 20 Auer sinn déi Blo-Wäiss nees am Asaatz. An der 1/32-Finall vun der Coupe FLF ass d'US Béiwen, aktuellen Tabellen-13. am 1.Bezirk vun der 1.Divisioun, zu Izeg op Besuch.

E Sondeg, de 17.Oktober steet den nächste Championnatsmatch bei der Union Réimech/Bus um Programm. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade "Op der Millen" zu Réimech.

#fci1941