DRÄI WICHTEG PUNKTEN GÉNGT CEBRA

DRÄI WICHTEG PUNKTEN GÉNGT CEBRA

Eis éischt Ekipp huet um fënnefte Spilldag hiren éischte Succès gefeiert. Géngt den Tabellenzweeten Cebra stoung et un Enn 3:1 (2:1) fir déi Blo-Wäiss.

D’Goler hunn Rubben Myre (3.’), Yannick Goncalves (16.’) an Alex Faria (54.’) geschoss. D’Visiteuren haten tëschenzäitlech op 1:2 verkierzt (39.’).

EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Lima, Falkner, Myre, Dos Reis, Perrey, Faria, Sebaa (71.’ Maury), Goncalves (36.’ Costa), Gollette

Nächste Samschdeg, de 24.September ëm 18 Auer steet en Auswäertsmatch zu Suessem um Programm.