DRËTT PLAATZ FIR EIS ÉISCHT EKIPP


08 August 2021

Eis éischt Ekipp kënnt op der Coupe du 80ième Anniversaire zu Izeg op déi drëtt Plaatz. Am Klassementsmatch géngt Bieles gouf en 3:2-Succès. 
 
Virun der Paus war Izeg duerch den Harun Mehanovic (33.') an de Yan Falkner (42.') zwee Mol a Féirung gaang, Bieles konnt awer allkéiers kuerz duerno ausgläichen (35.' an 44.'). 
 
An der Schlussphas huet de Yan Falkner matt sengem zweete Gol (78.') de Match zugonschten vun der Lokalekipp entscheed.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Y.Cillien, Van Nugteren, Tacchi (46.' J.Cillien), Kona, Jacinto (36.' Dos Reis), Costa, Mehanovic (71.' Laffut), Kemelharen (43.' Makhloufi), Perkovic, Falkner (89.' Marques)
 
An der Finall konnt sech Cebra matt 2:1 (1:0) géngt Sandweiler duerchsetzen.