
DRËTTE SUCCES HANNERTENEEN
Eis éischt Ekipp konnt sech um fënnefte Spilldag vum Championnat matt 2:0 géngt den FC Luxembourg City duerchsetzen an domatt den drëtte Succès hannerteneen feieren, ouni dobei e Gol ze kasséieren.
D’Goler fir déi Blo-Wäiss hunn Sabin Yagremongo (50.‘) an Erik Perrey (56.‘, Elefmeter) kuerz no der Paus geschoss. Am Klassement stinn déi Blo-Wäiss elo matt 12 Punkten hannert dem Leader Jonglënster op der zweeter Plaatz.
EKIPP FC IZEG: Chenard, Marques (89.‘ Ribeiro), Jacinto, Falkner, Bousseau, Dos Reis (77.‘ Almeida), Myre, Perrey, Goncalves (46.‘ Perkovic), Fernandes, Yagremongo (64.' Gales)
Nächste Sondeg, de 24.September geet et weider mam sechste Spilldag, wou en Auswäertsmatch bei der Union Käl-Téiteng um Programm steet. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade Victor Marchal zu Téiteng.