EE WEIDERE SPILLDAG BEI DEN DAMMEN


17 November 2020

E weidere Changement gëtt et am Championnat an der Ligue 1 vun den Dammen.

No der Ofso vum Lännermatch vun der Nationalekipp géngt Liechtenstein, dee fir den 29.November geplangt war, gëtt -Stand elo- op deem Weekend e weidere Spilldag vum Championnat ausgedroen.

D'Meedercher vun der Entente Izeg/Cebra trieden deemno schonn den 28.November fir de Kont vum 8.Spilldag géngt d'Escher Fola un. De leschte Match fir dëst Joer soll den 19.Dezember zu Wëntger gespillt ginn.

AKTUALISÉIERTE PROGRAMM AM DETAIL:

Samschdeg, 21.11.: Beetebuerg - Entente Izeg/Cebra
Samschdeg, 28.11.: Entente Izeg/Cebra - Fola Esch
Samschdeg, 05.12.: Dikkrech - Entente Izeg/Cebra
Samschdeg, 12.12.: Entente Izeg/Cebra - Jonglënster
Samschdeg, 19.12.: Wëntger - Entente Izeg/Cebra