EIS DAMMEN SPILLEN ZU DIKRECH


12 February 2021

Iwerdeems de komplette Spilldag vun dësem Weekend an der BGL Ligue vun den Hären wéinst de Wiederkonditiounen ofgesot ass, bleiwen an der Ligue 1 vun den Dammen eenzel Matcher um Programm. Dozou géiert och de Championnatsmatch vun der Entente Izeg/Cebra.

Eis Meedercher spille muer Samschdeg den Owend um 19h00 um synthetëschen Terrain zu Dikrech. Zuschauer sinn bekanntlech net erlabt.