ÉISCHTEN TOUR IWERSTAAN


05 September 2020

D'Entente Izeg/Cebra huet den éischten Tour an der Coupe des Dames ouni gréisser Problemer iwerstaan. Eis Meedercher konnten sech zu Käerjéng, Opsteiger an d'Ligue 2, matt 4:0 duerchsetzen.

Sania Amalou (20.') an Solange Fonseca (32.') haten d'Ekipp vum Trainer Laurent Erlinger virun der Paus matt 2:0 a Féirung bruet. Den drëtten an de véierte Gol ginn op de Kont vum Amal Cherkane (53.') an Mara Durabile (89.').

EKIPP ENT.IZEG/CEBRA:
Schlimé, Correia, Morgado, Fonseca, Kieffer, Matos, Cardoso, Zarnowski, Cherkane, L.Noesen, Amalou
(Res.: Graas, Goncalves, Durabile)