EN AUSBLÉCK OP D'SAISON 2021/22


18 August 2021

Nächste Sondeg start eis éischt Ekipp an d'Championnat 2021/22 an der éischter Divisioun. Wéi schonn virun engem Joer steet um éischte Spilldag den Derby géngt d'Noperen vu Sandweiler um Programm. Eisen Trainer Paulo Moura zitt e Bilan vun der Preparatioun a kuckt optimistësch an déi nei Saison.

No méi wéi 10 Méint ouni Kompetitioun geet et dëse Sondeg nees lass mam Championnat. Ass d'Virfreed op déi nei Saison grouss oder ginn et nach vill Saachen, déi musse verbessert ginn an den Start dowéinst e bëssen ze fréi kënnt?
       
Paulo Moura:
Ech denken, mir sinn all frou, dass mir kënne starten, well Training ouni Matcher ass eben net esou flott. Mir schaffe jo dofir. Déi Saachen, déi musse verbessert ginn, wäerte mir am Laf vun de Matcher déi kommen, maachen, wann de Kader emol komplett ass.
 
Wéi gesäit däi Bilan aus no ronn 6 Wochen Preparatioun? Ass alles sou verlaf, wéi‘s du dir dat virgestallt oder erwaart has?

P.M.: Dës Preparatioun ass e bësse speziell an deem Sënn, well jiddereen an d‘Vakanz wollt fueren no dene Méint, wou eis Fräiheet staark reduzéiert war. Ech kann de Jongen dat net iwwel huelen, et si jo keng Profien. De Bilan ass awer a mengen Aan positif. Mir haten ee Match géint Mamer, dee komplizéiert war, an ab do hunn d‘Jonge mega geschafft. Mir wäerten d‘Preparatioun nach déi 14 Deeg, déi kommen, musse verlängeren, au vu vun de Vakanzen.   
 
Wéi ass däin Androck vun den neie Spiller?

P.M.: Mäin Androck ass ganz gudd. Déi nei Jongen integréieren sech super a wäerten och der Ekipp hëllefen. Sinn awer frou, dass déi meescht Spiller bliwwe sinn. 

An der ganzer Preparatioun waren e puer Spiller aus der eegener Jugend vum Club dobei, déi och an den Trainingsmatcher am Asaatz waren. Wéi gesäis du hir Chancen, och an Zukunft eng wichteg Roll an denger Ekipp ze spillen?

P.M.: Wa mir jonk Spiller erop huelen, ass et esou, dass mir mam Koordinator an hiren Traineren iwerzeegt sinn, dass d‘Jongen Qualitéit hunn. An si solle jo och Erfahrung sammelen. Déi, déi elo dobei waren, sinn och fir de Kader geplangt, an deen Een oder deen Aneren huet mech begeeschtert. Elo musse mir kucken, wéi si mam Stress ëmginn, wann et ëm Punkte geet, mee ech hu Vertrauen an d‘Jongen. Mir hunn all engkéier ugefaangen an eis duerch Praxis weider entwéckelt.             

Wéi gesäit déi personnell Situatioun aus virum éischte Match géngt Sandweiler? Muss du vill Leit ersetzen, déi nach an der Vakanz sinn oder aus anere Grënn fehlen?

P.M.: De Match géngt Sandweiler gëtt nach méi schwéier wei lescht Saison, well si hunn sech och gudd verstäerkt, a well mir weiderhinn, wéi vill aner Ekippen och, nach vill Spiller net do hunn. Dat ass eben d‘Chance fir Anerer, sech no vir ze spillen. Trotzdem wäerte mir alles dru setzen, fir gudd an d‘Championnat eran ze starten.   
   
Lescht Saison, déi leider scho fréi ofgebrach gi war, stoung d'Ekipp no 8 Matcher als Opsteiger un der Tabellespëtzt. Wéi realistësch ass et, dës Saison nees genausou gudd an de Championnat eranzekommen?

P.M.: Lescht Saison hate mir a verschiddene Matcher de Fussballgott op eiser Säit, mee netdestotrotz hunn d‘Jongen awer an all Match een enormen Esprit d‘équipe op den Terrain bruecht, an dat war de Plus. Dëst Joer gëtt et méi schwéier, mee mir si prett fir de Wee ze goen. D'Jonge wëssen, wat op si duer kënnt.     
   
Gëtt et e konkreten Objektif fir déi nei Saison? Wat kann een vun der Ekipp erwaarden? Oder gëtt elo mol vun Match zu Match gekuckt?

P.M.: Jo, d‘Ziil ass, déi jonk Ekipp weider ze entwécklen an natierlech ass dat éischt Ziil, dran ze bleiwen. Mir wäerte vu Match zu Match kucken, well wéi gesot déi Preparatioun speziell war, an och well mir scho laang keen offizielle Match méi haten.     

Wat ass däi perséinleche Wonsch fir déi nächst Wochen resp. fir dës Saison?

P.M.: Mäi Wonsch ass einfach, dass d‘Jonge weider un sech gleewen, well si gudd sinn. An och, wann et emol net esou gudd soll lafen, sollen si nie opginn, well vum Falen léiert ee goen! Mir mussen akzeptéieren, dass een net ëmmer gewanne kann, mee mir mussen um Enn vum Match d‘Gefill hunn, dass mir alles ginn hunn. Dat ass fir mech immens wichteg!

Fir de Rescht wënschen ech mir, dass d‘Jongen all gesond bleiwen an dass mir weider eis Iddien op den Terrain brengen, well et gesäit gudd aus. An natirlech wëlle mir och de Supporter an all de Leit am Veräin matt eisem Asaatz um Terrain vill Freed schenken. Esou dass d‘Sponsoren eis weider ënnerstëtzen, esou wéi eise Comité, d‘Gemeng an all déi Leit, déi dem Veräin no stinn.

Ech wënsche mir awer och, dass déi jonk Spiller gesinn, dass wann si schaffen, alles méiglech ass zu Izeg - well et hunn eis jonk Spiller onnéideg verlooss. Fir mech hunn si et selwer an der Hand, fir an de Senior 1-Kader eran ze kommen. Dofir muss een awer d‘Konkurrenz net fäerten an sech selwer a Fro stellen. De Motto ass: schaffen, schaffen!