ENG GROUSS RESPONSABILITÉIT

ENG GROUSS RESPONSABILITÉIT

Nodems leschte Weekend schonn d'BGL Ligue de Spillbetriib opgeholl hat, weist sech d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an engem éischte Bilan zefridden, wat d'Verhalen vun de Veräiner an hire Supporteren a puncto Anhalen vun de COVID-19-Regelen betrëfft.
 
Virum Optakt dëse Sondeg an denen aneren Divisiounen appeléiert d'FLF an engem offizielle Bréif nach eng Kéier un d'Eegendisziplin an d'Responsabilitéit vun alle Bedeelegten.
 
De geneeë Wuertlaut vum Bréif souwéi de Rappel vun de Regelen, déi jidfer Eenzelnen gebieden ass, um Terrain weiderhin anzehalen, steet an der Annexe als Download am PDF-Format zur Verfügung.