ENG PASSIOUN FIR DEN ARBITTRAGE - DE JASMIN SABOTIC AM PORTRAIT

Foto vun RTL



09 December 2020

De Jasmin Sabotic huet sech an de leschte Joeren am Lëtzebuerger Futtball en Numm als jonken Arbitter gemaach, deen nach eng villverspriechend Zukunft virun sech huet a viru Kuerzem de FIFA-Badge krut. Zënter elo 10 Joer päift de 26 Joer alen Educateur ënnert der Lizenz vum FC Blo-Wäiss Izeg. An engem interessante Gespréich stoung de Jasmin Sabotic Ried an Äntwert iwwert den Ufank vu senger Karriere, seng Gewunnegten an d‘Eeegeschaften, déi e gudden Arbitter ausmaachen.


Wéi gëtt een eigentlech Arbitter, a wat huet dech dozou motivéiert, fir Arbitter ze ginn?

J.S.: Arbitter kann ee ginn, wann een sech bei der FLF mellt. D’Federatioun organiséiert zweemol am Joer Formatiounen, wou een dann zum Schluss e Regeltest an e Laftest packe muss. Meng Motivatioun fir den Arbittrage war d’Ënnerstëtzung vun den Elteren (vun de Jugendspiller). Ech sinn deemols beim SC Beetebuerg verschidde Kategorien (Bambinis bis Poussins) päife gaang. D’Elteren waren esou begeeschtert vu mengem Pëff, dass se mech selwer gefrot hunn, ob ech Intresse hätt, mech unzemellen. Ech wollt déi nei Erausfuederung unhuelen an et och spéider ausprobéieren.


Bis wivill Joer hues du selwer Fussball gespillt resp. matt wivill Joer hues du ugefaang matt päifen?

J.S.: Ech hu selwer bis 14 Joer Fussball beim SC Beetebuerg gespillt. Den Arbittrage hunn ech matt 14 Joer ugefaangen. Am Ufank hunn ech Fussball gespillt an Matcher arbitréiert. Eréischt e puer Méint dono hunn ech d’Entscheedung getraff, fir mech op den Arbitrage ze fokusséieren. Dës Entscheedung bereien ech och net.


Wéi eng Stäerkten sinn fir en Arbitter enorm wichteg?

J.S.: Stäerkten vun engem Arbiter sinn Perséinlechkeet, Zouverlässegkeet, Secherheet, Pünktlechkeet, Management, Éierlechkeet an och Verantwortung iwerhuelen. Dobei kënnt och fir en Arbitter dobei, schwéier Entscheedungen während engem Match ze treffen. En Arbitter muss och physesch zu all Moment prett sinn an seng Regelen kennen, fir e Match och leeden ze kënnen.


Fënns du et fir en Arbitter wichteg, dass hien selwer engkéier aktiv Fussball gespillt huet?

J.S.: Et ass ëmmer e Virdeel, wann en Arbitter virun senger Arbitterkarriere selwer Fussball gespillt huet. Dat muss awer net heeschen, dass en dofir besser päift, wéi en aneren Arbitter, deen nach ni aktiv Fussball gespillt huet.


Wéi preparéiers du dech op e Match?

J.S.: Meng Preparatioun fir e Match fänkt 3 Deeg virum Matchday un. Als éischt gi meng Assistenten kontaktéiert, fir eng Auerzäit auszemaachen. Dann kucken ech, fir Informatiounen iwwer béid Ekippen ze fannen, wéi zum Beispill Klassement, Spiller, ob et en Derby ass, oder aner Saachen. Et muss een e Gefill dofir kréien, wéi wichteg ee Match ass. Falls ech Material hunn (Video), analyséieren ech dann de ganze Match. Eng Persoun kënnt weekends an der BGL Ligue meng Matcher filmen. Ech probéieren, an den Analysen och Punkten ze sichen, wou ech Feeler gemaach hunn, fir se am nächste Match ze vermeiden. Dat sinn e puer Punkten, fir eng Preparatioun virun engem Match virzebereeden. Matt menger Ekipp beschwetzen ech virum Match nach eng Kéier déi wichteg Punkten, fir dass mer zesummen während dem Match déi richteg Decisiounen huele kënnen.


Kanns du dech nach un däin alleréischten offizielle Match als Arbitter erënneren? Wees du nach wien deemols géngteneen gespillt huet? Wars du deemols opgeregt oder ganz cool?

J.S.: Mäin alleréischte Match war deemols Bieles géint Nidderkuer an der Kategorie Minimes. Ech ka mech net méi ganz erënneren, wéi ech deen Dag drop war, mee ech denken, dass ech opgeregt war. Et war ee grousse Moment fir mech. Erënneren kann ech mech, well deemols haat ech och e Mentor (Pier Hoet), dee mech während mengen éischte Matcher observéiert huet a mir Virschléi ginn huet, mech an Zukunft ze verbesseren.


D'Aggressivitéit an d'Respektlosegkeet vis-à-vis vun den Arbitteren huet a leschter Zäit zougeholl. Wéi gees du domatt ëm, dass een als Abiter oft fir d'Halschend vun den Zuschauer dee Béisen ass? Stells du dir no engem Match och heiansdo d'Fro, obs du dat "eigentlech nach néideg" hues.

J.S.: Als Arbitter muss ee ganz staark bleiwen an sech net op déi Punkten baséieren. Et muss een och d’Rou hunn a clever handelen. An all Match fënnt een eng Persoun, déi net mam Arbitter zefridden ass. Et ginn awer och Zuschauer, déi no engem Match bei den Arbitter kommen an him fir seng Leeschtung gratuléieren.


Als jonken Arbitter huet ee jo ganz secher nach Zieler. Wou gesäis du dech selwer an 5 Joer, wéi ee Match wëlls du onbedéngt eng Kéier päifen?

J.S.: Kloer hunn ech nach Zieler, well ech motivéiert sinn an och den Arbitrage genéissen. Ech denken, dass ech richteg frou war, wéi ech dëst Joer de FIFA-Badge kritt hunn. Mäin Ziel an den nächste Joeren ass, mech Schrëtt fir Schrëtt weider ze entwéckelen. Vläicht erfëllt sech enges Dags mäi Wonsch, mee dat soen ech elo nach net :-)


Duzt du bei engem (Seniors)match d'Spiller, oder sees du "dir"?

J.S.: „Duzen“ kënnt heiansdo vir, mee matt de Joeren kennen d’Spiller dech um Terrain, an esou baut en Arbitter eng Bezéiung zu de Spiller op. „Dir“ benotzen ech awer méi um Terrain.


De Mangel un Arbitteren ass offensichtlech. Wat kann ee maachen, fir d‘Arbittréieren méi attraktiv ze maan resp. wéi giffs du jonk Leit motivéieren, fir Arbitter ze ginn?

J.S.: De Mangel un Arbitteren ass weiderhinn present. Ech denken, dass déi wichteg Responsabel vun der FLF genuch maachen fir de Rekrutement. Ech probéieren och oft, matt jonke Leit ze schwetzen an erzielen hinnen, wéi e Wee ech ageschloen hunn, wou ech deemols war, wou ech haut dru sinn, a wat ech an Zukunft wëll. Den Arbittrage huet vill positiv Säiten. Et léiert een nei Leit kennen, et baut ee Bezéiungen op. Dat alles motivéiert eng Persoun, fir weiderzekommen. An Zukunft kann ee sech iwerléen, fir do Reklamm ze maachen, wou déi meescht Jugendlech sech treffen, wéi zum Beispill am Jugendhaus.


Wanns du nach eemol de Choix häss, fir Arbitter ze ginn, giffs du alles nach eemol genau dselwecht maachen?

J.S.: Hätt ech nach eng Kéier de Choix fir Arbitter ze ginn, géif ech dëse Wee erëm aschloen. Bis elo sinn ech zefridde matt mengem Wee an ech hoffen, dass dat weider sou bleift :-)


Zum Schluss nach eng privat Fro: wat mechs du eigentlech berufflech resp. wéi eng Hobbyen hues du nach, wanns du net grad als Arbitter ënnerwee bass?

J.S.: Ech schaffen als Educateur an der Maison Relais zu Steebrécken. Dat ass e Beruff, deen ech ganz vill gäeren hunn, well een all Dag Kontakt matt de Leit huet. D’Kanner wëssen och, dass ech Arbitter sinn a verfollege meng Matcher oder probéieren och, kucken ze kommen. Meng Hobbien sinn Schwammen, Lafen, gutt Musek lauschteren, wéi och Zäit matt Famill a Frënn verbréngen.


Dem Jasmin Sabotic op dëser Plaatz nach eng Kéier e grousse Merci fir seng oppen Äntwerten an d’Zäit, déi hien sech geholl huet.

Foto: RTL