FC BLO-WÄISS IZEG (1941 - 2021)


31 May 2021

Den FC Blo-Wäiss Izeg feiert dëst Joer säin 80. Anniversaire. Zu Izeg gouf awer och scho laang virun der Grënnung vum heitege Veräin Futtball gespillt.

Op eisem Internet-Site www.fcizeg.lu kann een sech vun elo un ënnert dem Onglet "CLUB" duerch d'Geschicht vum Izeger Futtball klicken. An der Fonktioun "Stade Albert Kongs" gëtt eisen Terrain virgestallt, d'Rubrik "Geschicht" hält e Réckbléck parat, dee bis an d'Joer 1905 zréckgeet, an an der "Veräinschronik" fënd een eng Rei Statistiken vun 1941 bis haut.

Och eis Dammenekipp, déi 1993 an d'Liewe geruff ginn ass, kënnt net ze kuerz. E Résumé iwwer mëttlerweil 28 Joer Dammefuttball zu Izeg kann ënnert dem Onglet "DAMES" nogelies ginn.

Avis aux amateurs!