FERM ËNNERT D'RIEDER KOMM


12 December 2021

Am leschte Championnatsmatch vun dësem Joer ass eis éischt Ekipp zu Beggen matt 1:8 (1:3) ënnert d'Rieder komm.
 
Den Avenir ass schonn no 11 Minutten a Féirung gaang an huet no enger halwer Stonn op 2:0 erhéicht. Den drëtte Beggener Gol ass op Elefmeter hinn gefall, deen awer eréischt am zweete Versuch dobanne war (42.'). Nom éischte Schoss, deen den André Guerra konnt halen, huet den Abiter no Récksprooch matt sengem Assistent decidéiert, den Elefmeter widderhuelen ze loossen.
 
Den Uschlossgol vum Filipe Almeida (45.') huet déi jonk Izeger Ekipp (Altersmoyenne vun der Onze de base: 21,36 Joer) nach emol hoffe gelooss. An der Nospillzäit ass, no engem Feeler op den aschossbereeten Yannick Goncalves am Beggener Strofraum, leider den Elefmeterpëff ausbliwwen.
 
D'Hoffnungen op eng Ophueljuegd waren no der Paus nees séier verflunn, wéi d'Lokalekipp eng véierte Kéier getraff huet (55.'). Weider Goler an der 65.', an zumols an der Schlussphas (86.', 88.' an 90.') hunn de Score weider an d'Luut gedriwwen an um Enn déi fënneft Nidderlag hannerteneen ëmsou méi uerg ausgesinn gelooss.
 
Am Klassement iwwerwantert den FC Blo-Wäiss, matt enger Avance vu véier Punkten op d'Ofstiegsregioun, op der 11.Plaatz.


EKIPP FC IZEG
: Guerra,
Jacinto, B.Marques, Tacchi, Almeida (78.' Ribeiro), Faria, Rust (46.' B.Mehanovic), Van Nugteren (46.' Gollette), Dos Reis, Kona, Goncalves


A ronn zwee Méint steet den Optakt vun der Réckronn um Programm.
Sondes, den 13.Februar ass den FC Red Black Egalité um Stade Albert Kongs zu Izeg op Besuch.