GELONGENEN OFSCHLOSS


05 June 2021

Matt engem verdéngten Auswäertserfolleg huet eis éischt Dammenekipp d'Saison 2020/21 ofgeschloss. Am leschte Match bei der Entente Rouspert/USBC gouf et en 1:0-Succès.

Den entscheedende Gol huet d'Diana Goncalves an der 79. Minutt geschoss, nodeem eis Meedercher virdrun déi eng oder aner Golchance net konnten notzen.

E grousst Kompliment un eis Ekipp an hir Traineren, déi dëst Joer zënter dem 10.Februar net manner wéi 19 Championnatsmatcher gespillt resp. gecoacht hunn.

Am Klassement land d'Entente Izeg/Cebra matt 50 Punkten a 86 geschossene Goler op der sechster Tabelleplaatz. Dobei ass och ze erwähnen, dass eis Meedercher an der ganzer Saison nëmmen 27 Goler kasséiert hunn an domatt déi drëttbescht Defensiv an der Ligue 1 kënnen opweisen.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:

Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Graas (54.' Cherkane), Borges, L.Noesen (75.' Sousa), Pedrosa, Santos, Kieffer, Franc (62.' Kettel)