GESCHWËNN 4 MÉINT OUNI KOMPETITIOUN


11 February 2021

Viru mëttlerweil 118 Deeg huet eis éischt Ekipp hire leschte Kompetitiounsmatch vun der Saison 2020/21 gespillt. De 16. Oktober gouf et am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg eng 0:4-Nidderlag géngt Hesper.

Genee 4 Méint sinn et haut hir, dass déi Blo-Wäiss fir d’lescht an engem Championnatsmatch um Terrain stoungen. Duerch e spéide Gol vum Yannick Goncalves haten d’Spiller vum Trainer Paulo Moura an der Nospillzäit eng Heemnidderlag géngt Menster verhënnert a sinn doduerch weider un der Spëtzt vum zweete Bezirk an der éischter Divisioun bliwwen.

Duerno sollt leider nees d’Corona-Pandemie fir eng Ënnerbriechung vun der Saison suergen. Obwuel een sech di lescht Zäit zwar duerchaus um Tabellebild konnt erfréen, kënnen souwuel déi Izeger Supporter, wéi och d‘Spiller an hiren Trainerstaff et kaum erwaarden, dass d’Championnat endlech fortgesat gëtt. De Paulo Moura gëtt e klengen Abléck an den Alldag  matt senger Ekipp.

Momentan ass jo nëmmen Training méiglech, an d'Reprise vum Championnat steet weiderhin an de Stären. Wéi gees du an deng Spiller matt der Situatioun ëm?

P.M.: Am Moment kënne mir jo traineiéren, wann d‘Wieder et zouléisst. Dat ass wéinstens eng Méiglechkeet, fir zesummen ze sinn an den Team Spirit héich ze halen.

Wéi gesäit den Training momentan aus, wat sinn d'Schwéierpunkter, op déi muss Wert geluet ginn?

P.M.: D‘Schwéierpunkten leie beim Maintien physique an technique, matt de Reglen, déi mir musse respektéieren.

Gehéiert de Fitnessraum an der neier Tribün och zum Trainingsprogramm?

P.M.: Jo, de Fitnessraum ass eng mega flott Saach, déi eise Comité an d‘Gemeng duerch de Bau vun der neier Tribün méiglech gemaach hunn.

Wéi ass d'Ambiance an d‘Moral an der Ekipp? Hudd dir iech all dru gewinnt, dass d'Situatioun sou ass, wéi se ass, oder mecht sech lues a lues Nervositéit an Ongedold breet?

P.M.: Also et ass schwéier, well d‘Jongen wëllen all Matcher spillen, well dofir schaffe mir jo all an dem Seniorsberäich, dat heescht Kompetitioun. Mee mir maachen dat Bescht draus.

Et kann een sech virstellen, dass d'Enttäuschung beim Tabellenéischten grouss wär, wann d'Saison giff annulléiert ginn. Wéi gesäis du d'Chancen, dass d'Championnat nach fortgesat respektif fäerdeggespillt gëtt?

P.M.: Enttäuscht schonn, mee bon, wat soll ee maachen? Mir mussen einfach Gedold hunn a waarden. Wann et annulléiert gëtt, dann si mir jo nach an der éischter Divisioun, an dat war jo d‘Ziel.

Wéi eng Proposen giffs du perséinlech maachen, wéi et kënnt weidergoen?

P.M.: Eng Propos ze maachen, ass schwéier, well et vum Virus ofhänkt. Also positif wär, d‘Hironn fäerdeg ze spillen. Ech denken do och un de ganze Sponsoring, d‘Zuschauer an sou weider, well dat ass ee Problem haut.

Mecht et eigentlech trotzdem Spaass, ënnert den aktuelle Konditiounen ze trainéieren, oder kënnt momentan jidfereen just nach op den Training an der Hoffnung, dass endlech Normalitéit zréckkënnt?

P.M.: Also ganz éierlech, mir wëllen all Matcher spillen. Dat ass, wat mir eis erhoffen, mee wéi gesoot, mir bestëmmen d‘Situatioun leider net. Spaass jo, well mir schaffen un eisen neien Iddien.

Wat sinn deng Impressiounen vun den zwee Transferen Sofiane Haddadi an Maid Subasic?

P.M.: Dei nei Spiller sin top. De Sofiane ass schonn e bësse méi laang  bei eis um Training, elo konnte mir säin Transfer maachen an hien wäert eis hëllefen. De Maid ass ee jonken, staarke Golkipp, deen eis elo op däer Positioun déi néideg Rou gëtt. Well dat huet gefeelt. Mir sinn awer och frou, eise Golkipps-Trainer erëm ze hunn, well dee mecht eng top Arbecht. Ech wëll bei dëser Geléenheet och mengem Co-Trainer Fabio an dem Zweet-Ekipps-Trainer merci soen fir hir Hëllef, esou wéi och dem Comité matt hiren neien Iddien.

Wéi gesäit et matt de Laangzäitverletzten aus, sinn si schonn zréck am Training?

P.M.: Also eise verletzte Jongen geet et gudd, si schaffen sech lues a lues erëm zréck. Den Johnny Matteaggi ass voll am Training. Den Joy Pauly nach net, esou wéi den Dylan Lourenço, deen och nach net erëm ass. De Joé Bultgen gëtt am Mäerz operéiert a mir hoffen, hien nächst Saison erëm dobei ze hunn.