GESOND BLEIWEN ASS DAT WICHTEGST!

Foto vun LZ



26 October 2020

Nodeem d'Saison opgrond vun der Corona-Pandemie nees bis op Weideres resp. op mannst fir 1 Mount ënnerbrach ass, hu mir dovu profitéiert, fir matt eisem Cheftrainer Paulo Moura en Zwëschebilan ze zéien.
 
Kënnt dës Ennerbriechung fir dech an d'Ekipp zu engem extrem ongënschtegen Zäitpunkt? 
 
Paulo Moura: Ech wëll matt engem allgemenge Punkt zur Situatioun ufänken. Ech denken, wa mir all éierlech sinn, wosste mir, dass dat do géif kommen. D'Wieder hëlleft och elo net méi matt, an en plus ass d'Grippenzäit amgaangen. Et ass schued, dass mir elo erëm mussen ophalen, well d'Ekipp war gudd drop. Mee d'Gesondheet geet vir! Wat méi schued ass: eis jonk Sportler brauche Sport, dat ass wichteg fir si. Et ass schued, dass elo nees alles gestoppt ass, well dat geet un hir Substanz.
 
Zënter dem 30.August huet d'éischt Ekipp an Zäit vu 7 Wochen am Ganzen 11 Kompetitiounsmatcher gespillt - 8 Mol am Championnat, 2 Mol an der Coupe de Luxembourg an 1 Mol an der Coupe FLF. Fir Spiller, déi Futtball an éischter Linn als Hobby bedreiwen, ass dat jo awer relatif vill a geet och un d'Substanz. Falls dës nei Situatioun irgend eppes Positives sollt hunn: ass et eng Geléenheet fir d'Jongen, fir ze recuperéieren?
 
P.M.: Et ass wéi gesot schued, well de Kader war bal komplett a mir konnten esou d'Matcher geréieren. Mir hun do schonn opgepasst, dass d'Iwerlaaschtung net Iwerhand hëlt (N.B.: am Coupe-FLF-Match zu Rammerech stoung eng komplett aner Ekipp um Terrain wéi nach dräi Deeg virdrun am Championnat géngt Menster resp. zwee Deeg duerno géngt Hesper).
 
Wat hues du dénge Spiller fir déi nächst Wochen matt op de Wee ginn? Hunn si en Trainingsprogramm, wéi si sech elo privat solle fit halen, oder wees jidfereen selwer, wat hien ze maachen huet?
 
P.M.: Ech hunn hinne gesot, si sollen sech fit halen an do hunn ech Vertrauen an d'Jongen. Sie maachen dat individuell, wéi schonn virum Start vun der Saison. Mir mussen eben elo de Mount ofwaarden an dann gesi mir weider.
 
Wat ass an denen nächsten Wochen dat wichtegst, fir dass jidfereen nees op sengem beschten Niveau ass, wann et erëm lassgeet?
 
P.M.: Wichteg ass, dass jidderee gesond bleift. Wann et dann erëm soll lassgoen, musse mir eisen Trainingsprogramm adaptéieren. Et ass jo eng außergewéinlech Situatioun fir jiddereen.
 
Wéi wäers du an denen nächsten Wochen matt der Zäit ouni Fussball um Terrain ëmgoen?
 
P.M.: Also fir en Trainer ass ni Schluss. Ech denken elo schonn un d'Kaderplanung. Et gëtt eng Analys vun de Matcher gemaach, déi mir gespillt hunn, a wou elo muss geschafft ginn, fir déi domm Feeler auszeschalten - well mir kruten ze oft domm Goler geschoss. Ech hunn elo also Zäit, fir matt mengem Staff alles ze kucken an déi richteg Entscheedungen ze treffen fir den Start. 
 
No 8 Championnatsmatcher huet d'éischt Ekipp als Opsteiger 19 vu 24 méigleche Punkten. Bass du nach ëmmer zefridden?
 
P.M.: Ech si ganz zefridden, och wa mir nach net de Fussball gespillt hunn, dee mir kënnen. Dat huelen ech op mech, well wann ee steigt, muss een sech mol un déi Divisioun upassen. An dann kann een net nëmme schéine Fussball spillen, mee dat kënnt nach.
 
Wat ass d'Geheimnis vun deem Succès, deens du momentan matt der Ekipp hues?
 
P.M.: Ech géif soen, et ass d'Mentalitéit, déi d'Jongen hunn. Mir ginn an all Match eran fir ze gewannen, a mir wëllen dat. Elo musse mir och erëm matt offensivem Fussball iwerzeegen.
 
Nach zum Schluss e klenge Réckbléck op de Coupe-Match zu Hesper. Bass du zefridden, oder awer e bëssen enttäuscht iwert d'Resultat an de Spillverlaf?
 
P.M.: Hesper läit mir um Mo, an dat aus verschiddenen Ursaachen. Mir wossten, wien den Géigner ass, ee super Kader. Mee trotzdem musste alles ginn, schonn eleng fir dei 500 Leit, déi um Site waren. Wéi gesot, sportlech enttäuscht, wellste nom Match ëmmer méi clever bass wéi virdrun.

#bleiftgesond